D’DP Käerjeng setzt sech scho säit Joren fir e Contournement an, deen de Verkéier virun allem am Duerfkär vu Käerjeng entlaaschte soll. Ofgesinn vun zäitweilegen Entspanungen wärend der Corona-Pandemie an duerch de Chantier am Boulevard Kennedy, huet d’ Verkéierssituatioun an, a ronderëm d’avenue de Luxembourg sech säit hier net verbessert.
Dofir fuerdert d’DP Käerjeng weiderhin, dass de Contournement sou séier wéi méiglech muss gebaut ginn. Mir verstinn och net, a fillen ons an d’Ir geleet, dass zu dësem Zäitpunkt rëm eng Diskussioun iwwert méiglech Varianten opkënnt, zu deenen bis haut nach keng Etuden virleien, a méiglecherweis mol nach guer net an d’Weeër geleet gi sinn. D’Gesetz zum Contournement, dat 2018 an der Chamber gestëmmt ginn ass, gëtt hei einfach ignoréiert. Dës Virgoensweis riskéiert mat sech ze bréngen, dass mer op kee gréngen Zweig kommen. Et ass nämlech net garantéiert, dass eng nei Variant net op Widderstand stéisst.
Mir wëllen, dass all Hiewelen a Beweegung gesat ginn, fir dass de Contournement sou séier wéi méiglech realiséiert gëtt.
Prise de position sur les récentes évolutions du dossier « Contournement de Käerjeng »
DP Käerjeng lutte depuis des années pour un contournement qui doit soulager le trafic au centre du village de Bascharage. Hormis la détente temporaire pendant la pandémie du coronavirus et le chantier sur le boulevard Kennedy, la situation du trafic au niveau de l’avenue de Luxembourg et de ses alentours ne s’est pas améliorée.
Pour cette raison, DP Käerjeng continue à exiger que le contournement soit construit le plus vite possible. Nous ne comprenons pas, et nous avons l’impression d’être induit en erreur par des discussions répétitives sur des variantes possibles qui probablement n’ont pas encore fait l’objet d’études de faisabilité et ne vont jamais voir le bout du tunnel. La loi portant sur le contournement, votée en 2018 à la Chambre des députés, semble actuellement totalement ignorée. Il est possible que cette façon de procéder nous empêche de faire fortune. Rien ne garantit qu’une nouvelle variante ne fera pas face à de nouveaux obstacles.
Nous exigeons que tout soit fait pour que le contournement puisse se faire dans les meilleurs délais.