![](https://www.dp.lu/wp-content/uploads/Chomage-partiel-scaled.jpeg)
Kuerzaarbecht – Ze laang Delaien beim Remboursement vu virgestreckte Salairen?
Laut Handwierkskummer wieren d’Delaien fir de Remboursement vu Salairen, déi Entreprisen am Chômage partiel virstrecken, ze laang.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi laang dës Delaien sinn, a wat ënnerholl wäert gi fir d’Situatioun ze verbesseren.