„D‘Buslinn 170 vun Huldang op Ettelbréck fiert duerch d’Aktivitéitszon ZANO um Fridhaff, ouni dass se awer de Moment do stoe bleift. Dëst féiert dozou, dass déi Leit, déi do schaffen, op der Ettelbrécker Gare d’Linn 117 huele musse fir rëm zréck an d’Aktivitéitszon ZANO, wat net just ëmständlech fir déi betraffe Leit ass, mee och zousätzlech Zäit kascht.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:
- Firwat gëtt et de Moment nach keen Arrêt fir den 170 an der ZANO-Fridhaff?
- Ass et méiglech fir sou séier wéi méiglech en Arrêt fir d’Buslinn 170 an der ZANO virzegesinn fir esou de beruffstätege Leit entgéint ze kommen?“