„Am Moment stelle mer en zolitte Wuesstem bei de Präisser vu verschiddene Materialien fest. Holz, Stol an aner Matière si spierbar méi deier ginn.
Virun deem Hannergrond wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen:
- Sinn eis Baueren, Gäertner an assimiléiert Betriber och vun dëser Präishausse betraff?
- Wa jo, wat fir Produkter a Projete sinn do spezifesch betraff?
- Gëtt et och Liwwerenkpäss mat deenen d’Tëschenhändler vun eisem landwirtschaftleche Secteur ze kämpfen hunn?
- Wa jo, bei wat fir enge Produkter ass dat de Fall? Sinn déi Enkpäss a Präishaussen éischter temporär oder musse mer eis mëttelfristeg op eng spierbar Inflatioun am Secteur astellen?“