Invasiv Planzen an Déieren

Invasiv Planzen an Déieren sinn eng Gefor fir eisen Ökosystem, well se sech massiv verbreeden an e grousse Schued uriichte kënnen. D’DP Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit nogefrot wat fir eng Planzen an Déieren hei zu Lëtzebuerg als „invasiv“ agestuuft goufen, wéi eng di aggressiivst sinn a wou se sech verbreeden, wéie Risiko dat fir d’Gesondheet mat sech bréngt an ob am Ëmweltministère un enger Strategie geschafft gëtt fir des Verbreedung anzedämmen.

Fro

„Invasiv Planze sinn eng Gefor fir eisen Ökosystem, well se déi regional Aartendiversitéit a Fro stellen a Liewensraim veränneren. Studie weisen, datt dës Planzen sech kënne wärend Joerzéngten onopfälleg verhalen, ma dann awer bannent kuerzer Zäit zu engem Risiko ginn, sech massiv verbreeden a grousse Schued uriichten. Et sinn awer net nëmme Planzen, déi een invasive Charakter hunn, mä och Déieren aus aneren Deeler vun der Welt sinn amgaang sech an eise Géigende breet ze maachen. Dobäi spillt d’Verlagerung vun de Klimazonen duerch d’Klimakris eng wesentlech Roll.

An deem Zesummenhang wollte mer dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

1. Wat fir eng Planze ginn hei zu Lëtzebuerg als “invasiv” agestuuft? Wat fir eng sinn déi aggressiivst an a wat fir enge Regioune vum Land verbreeden si sech am séiersten? Wat fir invasiv Planze stellen eng Gefor fir déi mënschlech Gesondheet duer?

2. Wat fir eng Déieren- an Insektenzorte ginn hei zu Lëtzebuerg als “invasiv” agestuuft? Wat fir eng falen am meeschten op an a wat fir enge Regioune vum Land verbreeden si sech am meeschten? Wat fir invasiv Déieren an Insekte sinn e Risiko fir déi mënschlech Gesondheet?

3. Gëtt am Ëmweltministère un enger Strategie geschafft fir d’Verbreedung vun dësen invasiven Déieren, Insekten a Planzen, wa méiglech, anzedämmen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...