Institutiounen a Justiz: Rechtsstaatlechkeet a Gerechtegkeet fir eng staark Demokratie
Eng staark Demokratie brauch staark an zouverlässeg Institutiounen. D’DP beméit sech ëmmer dorëm, fir eis Institutiounen ze stäerken a méi effikass ze maachen, fir d’Vertrauen an d’Demokratie ze stäerken an déi sozial a politesch Stabilitéit vum Land ze garantéieren.
D’Verdeedegung vun den demokratesche Wäerter ass fest an eiser DNA verwuerzelt. No joerzéngtelaange Preparativen ass am Juli d’Verfassungsreform gestëmmt ginn. D’Lëtzebuerger Grondgesetz ass un déi politesch a gesellschaftlech Realitéite vum 21. Joerhonnert ugepasst ginn. D’Parlament ass a senge Funktioun gestäerkt ginn, de Pouvoir judicaire ass als drëtt Gewalt am Staat verankert ginn an d’Grondrechter an d’Fräiheete vun de Leit sinn ausgebaut ginn.
Mir hunn d’Walbedeelegung mat verschiddene Gesetzännerunge fir vill Mënsche méi einfach gemaach. Mir wäerten an den nächste Méint eng Debatt iwwer d’Nouwendegkeet vun enger grousser Reform vum Walgesetz lancéieren. Mam Klima-Biergerrot hu mir nei Jalonen a puncto Biegerbedeelung gesat. Mir wëllen d’Bierger nach méi an déi politesch Decisiounsprozesser abannen an déi staatlech Aarbecht nach méi transparent maachen.
Institutiounen
Nom Akraafttriede vun der neier Verfassung am Juli an no de Chamberwalen am Oktober wäert d’DP eng Debatt iwwer eng allgemeng Reform vum Walsystem am Parlament lancéieren. Zil ass et, fir e partei-iwwergräifenden Accord iwwer e gerecht a modernt Walrecht auszeschaffen. D’DP ka sech virstellen, eventuell partei-iwwergräifend Proposen engem Referendum ze stellen.
D’DP huet mam vum Premier agesate Klima-Biergerrot nei Jalonë fir d’Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg gesat. Mat der neier Verfassung kréien d’Leit mat der sougenannter Bierger-Initiativ een neit, parzipatiivt Instrument, mat deem si selwer kënne Gesetzpropositiounen an d’Parlament abréngen, wann hir Initiativ genuch Support aus der Bevëlkerung kritt.
D’DP wäert de Conclusioune vun der Etude iwwert de Klima-Biergerrot vun der Uni Lëtzebuerg, déi vun der Regierung bestallt ginn ass, Rechnung droen. Et ass eis wichteg, e Bilan vun deem Projet ze zéien, fir esou Organisatiounen an Zukunft weider ze verbesseren. D’DP wäert d’Gesetzpropositioun vun der Regierung fir d’Stäerkung vun der Biergerbedeelegung op lokalem Niveau séier ëmsetzen, fir d’Bierger besser an d’Entscheedungsprozesser anzebannen.
D’DP wäert sech dofir asetzen, fir den elektronesche Vott bei Walen fir d’Wieler selwer an och fir déi zoustänneg Verwaltunge méi einfach ze maachen – ouni d’Sécherheet vun de Walen ze gefäerden. Eng digital Wiel ka vill Barrièren a Problemer verhënneren. Z.B. ongewollt, ongëlteg Stëmmziedelen oder den Depassement vu Friste bei der Bréifwal. D’Stëmme kéinte mat den techneschen Hëllefsmëttel och méi séier ausgezielt ginn.
D’DP wäert de legale Kader fir en haaptberufleche Buergermeeschter an de Gemenge schafen. De finanzielle Kader an déi sozial Ofsécherung ginn iwwerschafft. Eréischt dono kann eng Entscheedung mat den anere Parteien iwwert eng Reegelung iwwer d’Duebelmandater getraff ginn.
Cf. Kapitel Gemengen
Cf. Kapitel Wunnengsbau
Cf. Kapitel Wirtschaftspolitik
Déi DP-geféiert Regierung huet den Accès vun all de Bierger zu staatlechen Dokumenter mat dem sougenannten Transparenzgesetz legal verankert. D’Erfarungen aus de leschte Joren hunn munnech Potenzial fir Verbesserunge gewisen, vun deene mir beim Iwwerschaffe vum Gesetz profitéiere wäerten, fir déi staatlech Institutiounen nach méi transparent ze maachen.
D’DP wäert och de Prinzip vum Open Date konsequent entwéckelen, déi staatlech Informatiounen an Daten an engem éischte Schrack digitaliséieren, an dono dem Grand public zur Verfügung stellen. Fuerscher, Verbänn, Entreprisen an d’Bierger kënne mat deenen Informationen am Interessi vun der Allgemengheet schaffen.
Cf. Kapitel Gemengen
Justiz
D’DP wëll d’Virdeeler vun der Digitaliséierung och méi staark an der Justiz applizéieren. Elektronesch Systemer erlabe méi eng séier an effikass Ofwécklung vu Geriichtsverfaaren. Dat gëlt fir déi elektronesch Introductioun vun Dokumenter, den elektroneschen Echange vun Informatiounen tëschent de Parteien a Geriichter a fir elektronesch Prozeduren. Esou gëtt de ganze Prozess acceleréiert an den administrativen Opwand reduzéiert. D’DP wäert sech dofir asetzen, fir déi Efforten z’intensivéieren a fir sécherzestellen, datt Faxapparate geschwënn der Vergaaangeheet ugehéieren.
Nodeem schonn eng procédure accélérée ageféiert ginn ass, fuerdert d’DP och déi schëtzeg Aféierung vun enger comparution immédiate für Beschëllegter, déi op frëschter Dot erwëscht gi sinn oder géint déi evident Beweiser virleien. Esou sollen déi Leit schnellstméiglech viru Geriicht kommen, wat zu enger substantieller Entlaaschtung vun deene Geriichter géing féieren. Selbstverständlech ginn och bei esou enger comparution immédiate déi allgemeng Rechter vun den Ugeklote respektéiert.
D’Komplexitéit vu Geriichtsverfare wiist permanent. Fir däer Entwécklung gerecht ze ginn an op Basis vun der Introductioun vum Familljeriichter, préift d’DP d’Aféierung vu weideren, spezialiséierte Geriichter. Am Kader vun engem Pilotprojet solle spezialiséiert Magistraten agestallt ginn, z.B. fir Verfaren am Kontext mat der Finanzkriminalitéit.
Am Joer 2015 ass de jugement sur accord méiglech ginn, fir Geriichtsverfaren ze verkierzen an d’Justiz z’entlaaschten. Allerdengs soen d’Affekoten, datt déi vun Parquet gefuerdert Stroofen nëmme seele verhältnisméisseg wieren. D’DP wëll dofir de jugement sur accord op de Leescht huelen a sech dofir ausschwätzen, déi Prozdur méi staark ze nëtzen.
D’DP wëll eng konsequent Poursuite an Andämmung vum Haass am Internet. Mir wëlle geziilt Mesuren, fir déi legal Instrumenter géint hate speach, Diskriminéierung a soss Forme vun Online-Mobbing ze stäerken. Duerch méi Ressourcen an der Enquête a méi eng enk Zesummenaarbecht mat de relevanten Akteuren, gëtt séchergestallt, datt den Haass am Netz effikass bestrooft an d’Affer verhältnisméisseg geschützt ginn. Mir wëllen op déi Manéier fir e séchert a respektvollt digitaalt Ëmfeld fir alleguerten d’User suergen – besonnesch fir déi Jonk.
D’DP wëll, datt de Platzverweis light grëndlech analyséiert gëtt. Mir wëllen eng oppen Diskussioun, fir erauszefannen, ob déi Mesure effektiv e Plus bréngt. Mir wëllen all relevant Aspekter an Experienzen zesummebréngen, fir eng seriös Decisioun ze féieren, ob déi Moossnaam duergeet oder ob se muss ausgebaut ginn. E richtege Platzverweis ass keng Optioun fir d’DP.
De Virdeel vum Platzverweis besteet doranner, datt en d’Sécherheet an d’Uerdnung op enger Plaz séier an effikass retabléiert. Duerch d’Méiglechkeet, fir eng Persoun, déi ëmmer erëm géint d’Reegele verstéisst, vun enger Plaz ze verweisen, kënne potenziell Konflikterverhënnert ginn. E Platzverweis erlaabt et den Autoritéiten, fir séier an ugepasst op akut Situatiounen ze reagéieren a fir d’Wuelbefannen an d’Sécherheet vun alle Bedeelegten ze garantéieren.
D’DP wëll déi aktuell Sanctiounsméiglechkeete vun der Justiz grëndlech op de Leescht huelen an eventuell upassen. No der Aféierung vun der Chambre correctionnelle, wëlle mir kucken, ob e Juge pour l’application des peines géing Sënn maachen.
Doriwwer eraus wëlle mir déi elektronesch Foussfessel och an der Untersuchungshaft zouloossen.
Vill Zivilprozesser kéinten duerch eng Mediatioun evitéiert ginn. D’DP wëll déi Form vun der Konfliktléisung dofir weider fërderen.
D’Beruffsgeheimnis vun den Affekoten ass enk mam Recht op eng Verdeegung verbonnen a schützt an éischter Linn de Client. Esou kënnen d’Mandaten hiren Affekoten alleguerten d’Informatioune ginn – och déi Informatiounen, déi si eventuell belaaschte kéinten. D’DP wäert sécherstellen, datt d’Beruffsgeheimnis net ageschränkt gëtt. Et sief dann, et besteet den dréngende Verdacht op Terrorismus oder Geldwäsch. Mir mussen awer uecht dinn, datt esou Agrëff d’Grondrecht op eng Verdeedegung net iwwerméisseg belaaschten.
D’DP wäert de Statut vum inhaftéierte Salarié am Kontext vu de Cotisatioune fir seng Sozialversécherungen analyséieren. Mir wëlle kucken, wéi eng rechtlech Bestëmmungen a Virschrëfte fir Prisonéier gëllen, fir hir Sozialversécherungsbeiträg weiderzebezuelen. Doriwwer eraus, wëlle mir checken, wéi eng Auswierkungen déi Reegelen op d’Resozialiséierung an op déi laangfristeg Reinsertioun vum Prisonéier an eis Gesellschaft hunn.
D’lescht Joer ass en neit Waffegesetz a Kraaft getrueden. D’Chamber huet sech engagéiert, fir dat Gesetz no dräi Joer z’evaluéieren. D’DP hëlt dat Engagement seriös a wëll d’Auswierkunge vum Text deen Ament analyséieren an eventuell upassen.
D’Notariat gehéiert zu de meescht-reguléierte Beruffssekteren hei am Land. Well de legale Kader awer scho laang neméi ugepasst ginn ass, d’Aufgaben ëmmer méi komplex ginn an och d’Zuel vun den Nottären déi lescht Joerzéngten net mat der demographescher Entwécklung gewuess ass, besteet e grousse Reformbedarf, fir de Beruff dem 21. Joerhonnert unzepassen. D’DP wäert de legale Kader déifgräifend analyséieren a grondleeënd moderniséieren. An deem Kontext wëll d’DP eng Liberaliséierung vum Beruffsstand nom franséische Modell préiwen. A Frankräich gëtt et e Minimum fir déi regional Couverture vun den Nottären. Esou sollen alleguerten d’Biergerinnen an d’Bierger uechter d’Land Acccès zu de Servicer vun engem Nottär hunn.
Eng repressiv Drogepolitik an de leschte Joerzéngten huet sech als net effikass erwisen, fir de Problem an de Grëff ze kréien. An engem éischte Schrack huet d’DP-geféiert Regierung dofir den Ubau vu Cannabis fir den Eegebedarf – ënner strenge Konditiounen – erlaabt.
An engem zweete Schrack soll och d’Vente vu Cannabisproduiten un Erwuessener a staatlech kontrolléierte Points de vente erlaabt ginn; gläichzäiteg soll Drogentourismus evitéiert ginn. Dat Ganzt wier e bedeitenden Coup géint den illegalen Drogenhandel, d’Kärgeschäft vun ville kriminellen Organisatiounen. E Pilotprojet soll am Ufank eng éischt Appreciatioun erlaben, fir an Zukunft de Wee zu engem staatleche Verkaf vu Cannabis zu Lëtzebuerg ze preparéieren.
D’Recettë vun der staatlecher Vente vu Cannabis sollen an d’Präventiouns- an an d’Informationsaarbecht vun den entspriechenden Initiativen a Berodungszentren am Kader vun der Drogenhëllef a -berodung goen. Eng Enttabuiséierung vum Konsum vu Cannabis sollt awer op kee Fall zu enger Verharmlosung vun der Drogeconsommatioun féieren.
Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien
Cf. Kapitel Finanzplaz