Informatiounsaustausch tëscht den alen an neie Juegdsyndikater

Den DP-Deputéierten André Bauler a Guy Arendt ass zu Ouere komm, dass d’Sekretäre vun deene fréiere Juegdsyndikater net däerfen d’Kontosnummere vun de Bësch-, Wisen a Feldbesëtzer un déi nei Sekretäre rausgi wéinst dem Dateschutz. Dowéinst hu si bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi dëse Problem kéint behuewe ginn.

Et ass eis zu Ouere komm, datt d’Sekretäre vun deene fréiere Juegdsyndikater net däerfen d’Kontosnummere vun de Bësch-, Wisen a Feldbesëtzer un déi nei Sekretäre rausgi wéinst dem Dateschutz.

D’Natur- a Bëschverwaltung huet en neie „Rôle de répartition“ gemaach, deen op Myguichet steet. Do stinn d’Propriétairen all drop, wéi vill Terrain si am Juegdlous hunn a wéi vill Suen se ze kréien hunn, mee et ass awer verständlecherweis keng Kontosnummer vun hinne verëffentlecht.

Di fréier bzw. nei Sekretäre waarden eigentlich drop, datt si schrëftlech gesot kréien, si dierften oder sollten, ënner bestëmmte Bedingungen, d’Kontosnummere viruginn oder/an, datt d’Leit sech eventuell selwer op Myguichet mat hirer Kontosnummer androen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ass d’Madamm Ministesch scho mat dëser Problematik befaasst ginn?
  • Wéi gedenkt d’Madamm Ministesch eng Léisung erbäizeféieren, fir datt déi betraffe Leit hire Flichten nokomme kënnen?
  • Wat fir konkret Schrëtt huet d’Verwaltung biswell ënnerholl?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...