Iddi vum Mount – Gratis Museksunterrecht

De 16. Juli huet de Regierungsrot säin Accord fir d‘Reform vum Lëtzebuerger Museksunterrecht ginn. Den DP-gefouerten Educatiounsministère huet a Consultatioun mat de betraffenen Acteuren 8 verschidde Mesuren ausgeschafft, fir d’Qualitéit an d’Accessibilitéit vum Museksunterrecht ze verbesseren, de Stellewäert vun der Musek ze stäerken, an d’Zesummenaarbecht tëschent de Museksschoulen, de Bildungs- an de Kannerbetreiungsstrukturen ze vereinfachen.

Déi wichtegst Mesure dovunner: d‘Aféierung vu gratis Musekscoursen. Genee wéi d’DP dat an hirem Walprogramm gefuerdert huet, wäerten d‘Kanner an déi Jugendlech vun engem landeswäite gratis Museksunterrecht profitéiere kënnen, an zwar vun der Rentrée 2022/2023 un.

D’Museksschoule sinn e wichtege Pilier vun eiser Bildungslandschaft, genee sou wéi d’Schoulen, d’Kannerbetreiungsstrukturen oder d’Jugendhaiser. All Kand an all Jugendleche soll dofir d’Méiglechkeet hunn an eng Museksschoul ze goen, sief et fir ze musizéieren, ze sangen, ze danzen oder d’Konscht vum Schwätzen ze léieren.“

Claude Meisch, Bildungsminister

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...