„D’Bereetschaft vun eenzele Persoune Gebaier oder aner Saache muttwëlles ze beschiedegen gëtt och hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi offensichtlech. An och wann Vandalismus iwwer den Artikel 526 vum Strofgesetz verbueden an och strofbar ass, ginn ëmmer mol erëm och ëffentlech Bauten, Plazen oder Monumenter beschmiert, futti gemaach oder komplett zerstéiert. Dëst bréngt dann och grouss Käschte mat sech, déi op anerer Plaz méi sënnvoll kéinte genotzt ginn.
An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wéi oft ass et iwwer déi lescht 5 Joer pro Joer zu Lëtzebuerg zu Fäll vu Vandalismus un ëffentleche Gebaier an Installatioune komm?
- Wat huet d’Reparatioun vun duerch Vandalismus zerstéiert Installatioun de Staat iwwer déi lescht 5 Joer pro Joer kascht?
- Wéi vill Leit sinn iwwer déi lescht 5 Joer wéinst Vandalismus zu Lëtzebuerg verbaliséiert ginn?
- Gëtt et Pläng vum Ministère dëser Evolutioun entgéint ze wierken? Wa jo, kann den Här Minister Detailer dozou ginn?
Wat fir Plazen am Land si besonnesch concernéiert?“