« Wéi déi franséisch Medie mellen, hätt de rezente Frascht quasi duerch ganz Frankräich de Bléien an de Wéngerten ellen zougesat. Änlech ass d’Situatioun bei den Uebstbeem, déi a verschiddene Géigende vun der franséischer Republik béis vun der Keelt getraff gi sinn.
An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:
- Wéi gesäit d’Situatioun de Moment op eiser Musel aus? Gëtt et do och Schued an de Wéngerten? Wa jo, konnt dee schonn estiméiert ginn? Gëtt et Ënnerscheeder jee no Zort a Lag? Ass et méiglech d’Auswierkungen op d’Récolte dëst Joer anzeschätzen?
- Krut den Här Minister och eventuell e Feedback vun eisen Uebst- a Geméisbaueren? Gëtt et och do Ënnerscheeder wat de Schued ugeet?
- Wéi vill Prozent vun eiser bewirtschafter Fläch maachen d’Wéngerten an d’Bongerten aus? Wéi vill Betriber liewen dovunner ? »