Question
„Betreffend d‘Autorisatioune fir Bauten an Aktivitéiten an der Gréngzone géife mir dem Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gäre follgend Froe stellen :
- Wéi vill Autorisatioune fir Bauten an der Gréngzone goufen an de leschte 5 Joer ugefrot, gestaffelt no verschidde Secteuren (Landwirtschaft, Wäibau, etc.) ?
- Wéi vill Gebailechkeeten goufen am legalen Delai vun 3 Méint autoriséiert ?
- Wéi vill Autorisatiounsdemandë goufe refuséiert ?
- Wéi vill Dossieren hunn den Delai vun 3 Méint iwwerschratt ?
- Wéi vill Dossieren hu keng Äntwert kritt ?
- Wéini gedenkt den Här Minister de Prinzip vum „silence vaut accord“ bei den Autorisatiounsprozeduren anzeféieren ?
- Betreffend d‘Bauten an der Gréngzone, kann den Här Minister hei confirméieren, datt sech beim Traitement vun den Dossieren exklusiv op déi juristesch Dispositiounen, déi d‘Naturschutzgesetz beinhalt, baséiert gëtt ?“