„Et ass scho méi laang gewosst, datt et Problemer gëtt beim Akaf vun Terrainen am Bleesdall (Gemeng Tandel) fir d’Vëlospist PC22 vun Dikrech op Veianen z’amenagéieren. Et wier awer duerchaus méiglech schonn en Deelstéck vun dëser Pist ze verwierklechen, an zwar vu Gilsdref bis an d’Selz.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wou ass dëse Projet de Moment drun? Läit e komplett op Äis oder gëtt d’Planung iwwerschafft?
- Sinn entre-temps nees Gespréicher mat de betraffene Besëtzer vun Terrainen, déi gebraucht ginn, fir d’Vëlospist vu Gilsdref bis op Fouhren ze verlängeren an da vun do aus un déi al Eisebunnslinn vum „Benny“ unzeschléissen, gefouert ginn? Wa jo, wat sinn d’Konklusiounen?
- Wéi héich wier de geschate Käschtepunkt, wa sech dëse Projet konkretiséiere géif?“
Answer
Wou ass dëse Projet de Moment drun? Läit e komplett op Äis oder gëtt d’Planung iwwerschafft?
Den Ausschreiwungsdossier zum Projet ass am gaange finaliséiert ze ginn. Am Abléck ginn déi viraussiichtlech Käschte vun dësem Infrastrukturprojet am Respekt zu deenen aktuelle massiven Haussë beim Material a vun der Energie ugepasst.
Sinn entre-temps nees Gespréicher mat de betraffenen Besëtzer vun Terrainen, déi gebraucht ginn, fir d’Vëlospist vu Gilsdref bis op Fouhren ze verlängeren an da vun do aus un déi al Eisebunnslinn vum „Benny“ unzeschléissen, gefouert ginn? Wa jo, wat sinn d’Konklusiounen?
D’Missioun fir di néideg Terrainen ze kafen, läit am Zoustännegkeetsberäich vum Comité d’Acquisition beim Finanzministère. Mengen Informatiounen no kommen d’Verhandlunge mat de jeeweilege Besëtzer awer gutt virun.
Wéi héich wier de geschate Käschtepunkt, wa sech dëse Projet konkretiséiere géif?
De viraussiichtleche Käschtepunkt vum Vëloswee tëschent der Bleesbréck a Furen beleeft sech op ronn 2 Milliounen Euro. Dëse Montant beinhalt weder d’Käschte vun den Emprisen nach weider Haussë op de Materialien an der Energie.
Zum Ofschnëtt vun der Vëlospist PC22 vu Gilsdref/Dikrech bis op d’Bleesbréck wier nach ze bemierken, dass dësen Deel fréistens 2025 realiséiert ka ginn. Dëst am Kader vum zweete Lous vum Amenagement vun der “Rue Clairefontaine” tëscht Dikrech an der Bleesbréck.