« De Weekend war an enger Lëtzebuerger Dageszeitung ze liesen, dass Reklammen fir e Schéissstand just hannert der lëtzebuerger Grenz op der Facebook Säit vu Coronamesure- Géigner publizéiert gi wieren. An dëse Reklammen géifen da Waffen- a Schéisscoursen ugebuede ginn.
Et liest ee weider, dass esouwuel Professioneller, wéi och Privatleit dës Course kënne besichen. Et géif dorop opgepasst, dass keng Extremisten oder politesch motivéiert Persounen ënner de Participante dobäi wieren, allerdéngs wier et net méiglech Abléck an de Casier vun den eenzele Leit ze kréien.
Den Aussoe vun der Police an dësem Artikel no, géif een esou Betriber kritesch gesinn. Zwar géif ee vun der Police an der Arméi aus op intern Ausbildungen zeréckgräifen, an trotzdeem géing e Sécherheetsproblem bestoen well Polizisten och privat un de Coursen géingen deelhuelen. Déi taktesch Ausbildung wier op europäeschem Niveau ofgeschwat, an esou ‚Trainingen‘ op dëse Schéissstänn kéinten am schlëmmste Fall vun de nationale Gesetzer ofwäichen.
An deem Kader wollte mir der Madamm Justizministesch an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:
- Wéi si Schéissstänn hei am Land allgemeng reglementéiert ?
- Wien dierf zu Lëtzebuerg op e Schéissstand schéisse goen?
- Ginn zu Lëtzebuerg och Coursen fir Privatleit a Betriiber ugebueden?
- Falls jo, wat fir Konditioune musse een do erfëllen a brauch ee fir un esou engem Cours deelzehuelen e Waffeschäin?
- Ginn op lëtzebuerger Schéissstänn och taktesch Übungen fir Civilisten ugebueden?
Ginn an dem Kontext reegelméisseg Kontrolle op de Schéissstänn gemaach ? »