DP Hesper Wäin- a Kéisowend 2024

Eng gelongen éischt Editioun vum gutt besichte Wäin- a Kéisowend am Hesper Chalet.

DP Hesper huet e Freiden op eng Degustatioun invitéiert an dat mat der Hëllef vum Här Henri Ruppert.

Um Menu gouf et 5 verschidde Wäiner vum Domaine Henri Ruppert, an déi passenden Kéiser dozou. Mir soen all de Leit, déi komm sinn, e grousse Merci a hoffen, et huet hinnen esou gutt gefall a geschmaacht ewéi eis.

Merci un DP Hesper Memberen, déi fläisseg gehollef hunn, dass den Owend zu engem Succès ginn ass.

Mir freeën eis schonn op eng zweet Editioun!

Photo : © Laurent Blum

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp