Wat waren di nei Erausfuerderungen an der Majoritéit ?
Well mer zënter de leschte Walen an der Majoritéit sinn stelle mer a verschiddenen Kommissiounen de Präsident, fir mech ass dat de Fall an der nei geschaafener Reuse-Kommissioun. Zesumme mat deenen aneren ganz aktive Membere siche mer no Méiglechkeeten dat Thema eisen Awunner méi no ze bréngen. Een erfollegräicht Beispill war eis Swap-Party, déi trotz kuerzer Virlafszäit als volle Succès gebucht ka ginn a sécher nach ëfters widderholl gëtt.
A wéi engem Beräich wëlls du soss nach konkret matwierken?
Wéi och schonn di lescht 6 Joer sinn ech besonnesch bei Theme wéi Infrastrukturen, Bau-Projeten a ganz allgemeng den Amenagement gefuerdert.
Et wäerten och an Zukunft nach vill Projeten op eis duerkommen wou et gellt eng kloer Vue op d’Prioritéiten ze hunn, glécklecher Weis si mer finanziell zolidd opgestallt a kennen déi Projeten an aller Rou a mat deem néidege Wäitbléck ugoen.
Wat fir eng Themen beschäftegen dech iwwerdeems?
Meng Lieblings-Themen Sport a Kultur kommen awer och net ze kuerz, och well se jo ganz oft mat Infrastruktur zesummenhänken. Mir musse weiderhin dofir suergen dass eis Veräiner hier divers Aktivitéiten an optimale Konditiounen organiséiere kennen, an dass virun allem eis Kanner optimal encadréiert ginn.