Wéi hues du dech den Erausfuerderungen gestallt?
Bëssi méi wéi een Joer vu mengem éischten Mandat als Gemengeconseillère zu Hesper ass eriwwer. Et war eng Zäit an daer ech vill Erfarungen gemaach hunn an eng Rei nei Aufgaben ugeholl hunn. Zu verschiddenen Themen hunn ech Froen gestallt an Virschléi gemaach. Wat mir ëmmer erëm wichteg war an och weiderhin ass, ass de Kontakt mat de Bierger aus der Gemeng an et ass deen Austausch deen mech ëmmer erëm motivéiert mech ze engagéieren an mech deenen verschiddenen Erausfuerderungen ze stellen.
A wéi engem Beräich kanns du ganz konkret matwierken?
Als Presidentin vun der Mobilitéitskommissioun hunn ech bei verschiddenen Projeten an Aktivitéiten konkret mat ugepak an och fir di kommend Zäit steet dat eent oder anert un. Thema Mobilitéit an der Hesper Gemeng ass immens facettëräich. D’Ubannung vun der Gemeng un Tramnetz ass e wichtegen Meilesteen am Ëffentlechen Transport an lo ass et wichteg un der Vernetzung an der Gemeng ze schaffen fir dass d’Leit aus den Uertschaften och gudd op de neien „Pôle d’échange“ um Houwald kommen. An deem Kontext spillt de Citybus vun der Hesper Gemeng eng wichteg Roll an e muss dofir iwwerschafft ginn fir eng optimal Vernetzung innerhalb der Gemeng ze garantéieren. D’Fäerdegstellung vum Lift wäert den Holleschbierg, an iwwert deen och den Izeger Plateau, un den Hesper Zentrum ubannen. Eng verkéierssécher Beweegung op den Holleschbierg – wou vill Leit hirem Sport, als aktiven oder passiven Member noginn an wou vill Evenementer organiséiert ginn – gëtt domat erméiglecht an dat dierft och en Impakt op den motoriséierten Verkéier hunn.
Gréisser Evenementer wéi d‘Coupe scolaire wou méi wéi 200 Schoulkanner aus dem Zykel 4.1. an 4.2. aus de Schoulen vun der Gemeng deelgeholl hunn, oder de „groussen Mobilitéitsdag“ deen am Kontext vun der Europäescher Mobilitéitswoch organiséiert gouf weisen op d’Wichtegkeet vun der doucer Mobilitéit hin an sinn net nëmmen flott mee och wichteg Sensibiliséierungs-Momenter.
Wat fir eng Themen beschäftegen dech iwwerdeems?
Natierlech ginn et och ganz vill aner wichteg Themen wou ech mech och ëmmer erëm eraliesen, Präsenz an Interesse weisen. D’Entwécklung vun der Gemeng, Soziales an besonnesch d‘Kannerbetreiung sinn ënnert anerem Themen wou ech meng Froen stellen an Denkustéiss mat op de Wee ginn. D’Veräinsliewen a sengen verschiddenen Formen ass e wichtegt Element an der Gesellschaft an d’Ënnerstëtzung vun de Veräiner aus der Gemeng ass mir wichteg. Do dernieft wiisst d’Gemeng och mat klengen Geschäfter wou et den Awunner erméiglecht méi lokal op kuerze Wéer anzekafen; heibäi ass och d’Ënnerstëtzung vun den Geschäftsleit e wichtegt Element.