Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d'Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z'erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt. Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d'Antibiotikaresistenz verréngeren. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

Fro

« La pénurie de médicaments préoccupe les systèmes de santé à l’échelle mondiale. La France veut désormais lutter contre la pénurie d’antibiotiques. Il serait question de lier l’obtention d’antibiotiques à la réalisation d’un test rapide d’orientation diagnostique (TROD) en pharmacie. Ce test permet de déterminer s’il s’agit d’une infection bactérienne ou virale. Ce n’est qu’après confirmation d’une infection bactérienne que les patients reçoivent les antibiotiques prescrits. L’objectif est d’une part de réduire la pénurie d’antibiotiques et d’autre part de lutter contre la résistance aux antibiotiques.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé:

  • Combien d’antibiotiques ont été prescrits au Luxembourg au cours des cinq dernières années ?
  • À notre connaissance, des tests rapides d’orientation diagnostique ne sont pas utilisés au Luxembourg en cas de suspicion d’infection bactérienne. Madame la Ministre, envisage-t-elle une telle approche pour le Luxembourg ?
  • Madame la Ministre, est-elle d’avis qu’il faut sensibiliser les médecins à prescrire de tels tests ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...