Gusty Graas

Gusty Graas: D’Benelux-Parlament ass e wichtegt Instrument an der EU

E Wichtege Laboratoire an der EU

De Gusty Graas ass zanter 2 Joer President vum Benelux-Parlament, eng Institutioun, déi 1955 iwwert eng Konventioun geschafe ginn ass. D’Rotatioun an der Presidence gesäit vir, datt den DP-Deputéierte säi Mandat am Dezember ofgëtt an da Vizepresident gëtt. 

De Member vun der aussepolitescher an europäescher Chamber-Kommissioun an abléckleche Vize-President vun der Parlamentarescher Assemblée vum Europarot („Ech hu mech nach ëmmer fir international Politik interesséiert.“) ass elo 7 Joer laang am Benelux-Parlament, deem seng Aufgab doranner besteet, fir de Regierungen zu Den Haag, Bréissel a Lëtzebuerg Avisen a Recommandatiounen auszeschaffen, déi déi gemeinsam Interessie vun de Partner-Länner betreffen.

Dräi Staaten, déi historesch enk matenaner verknäppt sinn. Als Beispill nennt de Gusty Graas den neie Militär-Fliger, deen an der Belsch stationéiert ass: „Mir stëmmen awer och reegelméisseg Gesetzer, an deenen d’Benelux Accorde mat anere Länner ausgehandelt huet“. D’Benelux-Parlament huet zwar just eng consultativ Roll ze spillen, ma et kann de Regierungen an de nationale Parlamenter wichteg Impulser ginn. All Joer sinn dräi Séances plénières.

Dëst Joer huet natierlech de Covid 19 dominéiert: „Ech hätt mer eng besser Koordinatioun, e besseren Echange tëschent Lëtzebuerg, Holland an der Belsch virstelle kënnen – zemol am Ufank vun der Pandemie“, ass sech de Gusty Graas bewosst: „Mir haten och Reuniounen, fir déi Zesummenaarbecht während der Pandemie ze verbesseren a mir si schrëftlech bei den dräi Premieren intervenéiert“. Fir de Gusty Graas ass d’Benelux-Parlament eng Zort Laboratoire bannent der EU. Esou gëtt am Parlament z.B. och iwwert d’Unerkennung vun Diplomer diskutéiert oder iwwert de grenziwwerschreidenden Echange.

Wichteg sinn och déi international Kontakter mat den däitsche Bundeslänner vu Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz, mat der Groussregioun vu Lille. Weider Kontakter ginn et mat änlechen Organisatiounen, wéi dem Nordesche Rot, der Baltescher Versammlung oder de Visegrad-Staaten. „Mir sinn e Virbild, fir vill vun deene Gruppementer. Si wëllen dohinner, wou mir mam Benelux-Parlament scho sinn“, erkläert de Gusty Graas.

Dem Gusty Graas seng Presidence stoung am Zeeche vu 4 Kärthemen: Klimaschutz, Mobilitéit, Brexit a Biolandwirtschaft. Iwwert dat leschten Thema war och e Symposium zu Beetebuerg.

Fir de Gusty Graas ass a bleift d’Benelux-Parlament e wichtegt Instrument: „Europa kann nëmme fonctionéieren, wann och tëschent verschiddene Länner esou Strukture bestinn – ëmmer agebett an der Linn vun der EU. Et gëtt genuch Ursaachen, fir d’Aarbecht vun dëser Institutioun bäizebehalen an esouguer ze verstäerken“.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

ITM-Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun

D’ITM gesäit d’Ënnerstëtzung vu Betriber an d’Preventioun als hir Prioritéiten un. Am Secteur vun der Restauratioun schéngt awer den direkten Asaz vu Sanktiounen no enger Kontroll éischter d’Reegel an net d’Ausnam ze sinn. An deem Kontext wollten d’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann vum Aarbechtsminister ënnert anerem wëssen, wéi vill Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun an de leschte 5 Joer duerchgefouert, wéi vill Sanktiounen direkt no enger Kontroll prononcéiert a wéi vill Sanktioune reduzéiert oder zeréckgezu goufen.

weiderliesen...

Op der Nordstrooss muss et elo virugoen!

An der Tribune Libre vun der DP insistéiert den Nord-Deputéierten André Bauler dorobber, datt déi politesch Akzenter fir den Ausbau an d’Moderniséierung vun der Nordstrooss kloer an däitlech gesat gi sinn. Déi Decisioune missten elo och um Terrain ëmgesat ginn.

weiderliesen...