Ginn ëmmer méi Leit vermësst ?

D'Vermësstemeldunge schéngen a leschter Zäit ëmmer weider zouzehuelen. Besonnesch Kanner a Jugendlecher ginn ëmmer méi gemellt. Wéi hunn d'Zuelen sech entwéckelt a wisou kënnt et zu dësem Phänomen? Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

An de leschte Méint ass et ëmmer nees zu Vermësstemeldunge komm. Et schéngt, wéi wann d’Zuel vun dëse Meldungen a leschter Zäit eropgaange wier.

An deem Kader wollte mir dem Här Inneminister follgend Froe stellen:

  • Wéi huet sech d’Zuel vun de Vermësstemeldungen a rezenter Vergaangenheet entwéckelt?
  • Wat sinn déi verschidden Ursaachen, déi zu Vermësstemeldunge féieren?
  • Wéi deelen sech d’Vermësstemeldunge, jee no Alter a Geschlecht op?.

Äntwert

Fro 1: Wéi huet sech d’Zuel vun de Vermësstemeldungen a rezenter Vergaangenheet entwéckelt?

D’Police stellt eng Hausse vun de Vermësstemeldungen fest.

Et ass ze bemierken, dass net all Vermësstemeldung ëffentlech gemaach gëtt. De Choix vun enger ëffentlecher Vermësstemeldung gëtt au cas par cas tëscht Police a Parquet gekuckt.

Fro 2: Wat sinn déi verschidden Ursaachen, déi zu Vermësstemeldunge féieren?

Bei den Ursaache muss tëschent den Erwuessenen an de Mannerjäreger ënnerscheet ginn.

Bei den Erwuessene sinn d‘Grënn vum Verschwanne, déi zu Vermësstemeldunge féieren, gréisstendeels eng Suizid Gefor, eng Fuite aus dem Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP), oder op Drogen zeréck ze féieren.

Bei Mannerjärege ginn déi meeschte Meldunge vu Foyeren gemaach. Meeschtens ass d’Ursaach, dass déi Jonk an dëse Strukture net zerechtkommen.

Vermësstemeldunge betreffend Kanner déi vun Doheem fortgelaf sinn, hu meeschtens familiär Konflikter als Ursaach.

Fro 3: Wéi deelen sech d’Vermësstemeldunge, jee no Alter a Geschlecht op?

Laut den interne Statistike vum Service de Police Judiciaire, deelen sech d’Vermësstemeldungen fir Joer 2024 follgendermoossen op :

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...