Ginn d‘Präisser an d‘Qualitéit vun de Masken reegelméisseg iwwerpréift?

Nodeems de Staat an enger éischter Phase gratis Masken un d’Awunner verdeelt huet, hunn och d’Apdikten an d’Geschäfter ugefaangen allerhand Zorten vu Masken ze verkafen. D’Präisser an d’Qualitéit dovunner sinn allerdéngs ganz ënnerschiddlech. Den Deputéierten André Bauler huet an deem Kader beim Wirtschaftsminister nogefrot, ob dës Masken alleguerten enger Qualitéitskontroll ënnerworf ginn an ob de Staat reegelméisseg d’Präisser suivéiert a kontrolléiert.

Um Ufank vun der Pandemie goufen et kaum Masken ze kafen. Lues a lues hunn Apdikten a Geschäfter der dunn offréiert, zousätzlech zur Offer vun der ëffentlecher Hand. Déi eng hu Masken am Pak verkaaft, déi aner eenzel. Datt et fir de Konsument problematesch war fir d‘Präisser an d‘Qualitéit ze vergläichen läit op der Hand.

An deem Kader wollt ech dem Här Wirtschaftsminister an der Madamm Konsumenteschutzministesch folgend Froe stellen:

  • Wat fir Typpe vu Masken sinn hei zu Lëtzebuerg um fräie Maart zanter Juni 2020 verkaaft ginn?
  • Goufen dës Masken alleguer enger Kontroll ënnerworf, iert se an den Handel konnte kommen?
  • Wéi vill Masken goufen generell am Kader vu staatleche Kontrolle fonnt, déi net konform mat de nationalen, respektiv den europäesche Standarden fir Sécherheet, Gesondheet an Ëmweltschutz waren? Wat gouf an deem Fall mat dëse Masken gemaach?
  • Huet den Här Minister an huet d’Madamm Ministesch Informatiounen iwwer d’Präisser, déi an Apdikten a soss am Commerce fir dës Maske gefrot goufen?
  • Si Stéchprouwe gemaach ginn fir de Präis vun Eenzelmasken ze kontrolléieren an ze suivéieren?
  • Huet den Här Minister Informatiounen iwwer d’Gewënnmargen an deem Kontext? Wa jo, gouf et Fäll wou noweislech iwwerdriwwe Präisser gefrot goufen?“

Äntwert

Den ILNAS huet zesumme mat der Douane reegelméisseg Kontrolle vu Masken an de Geschäfter an Apdikten duerchgefouert. Masken déi e seriéise Risiko fir d’Gesondheet duergestallt hunn, goufe vum Marché zeréckgezunn an entweder bei den Hiersteller zeréckgeschéckt oder zerstéiert. Wat d’Präisser vun de Maske betrëfft, konnt de Ministère fir Konsumenteschutz keng Verstéiss géint Transparenzreegelen feststellen. No enger éischter Präishausse am Ufank vun der Krise hunn déi weltwäit Produktioun an d’Verdeelen vu gratis Masken den Equiliber vum Marché nees schnell hiergestallt. Zu Lëtzebuerg gouf et kee Verdacht ob anti-konkurrenziell Praktiken tëscht de Betriber.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...