Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d'Waardezäit fir d'Patienten ze verkierzen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d'Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d'Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d'Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

Fro

„Déi fréier Gesondheetsministesch hat eis 2023 matgedeelt, datt dru geduecht gëtt, fir d’Kapazitéite vum Centre national PET (CN PET) z’erweideren, dëst fir verlängert Waardezäiten ze vermeiden. Et war hirer Opfaassung no wichteg, fir d’Offer u Plagen duerch een zweeten Apparat ze verstäerken. Eng zukünfteg Upassung vun der Annexe vum Spidolsgesetz géif och d’Uschafung vun engem zousätzleche PET-CT virgesinn, sou déi fréier Ministesch. Fir d’Leit aus dem Norde wier et awer vu Virdeel, wann och op Ettelbréck ee PET-CT kéint kommen. Dës mussen nämlech dacks wäit Weeër op sech huelen, verbonne mat engem groussen Zäitopwand. Op Ettelbréck kéinten och Patienten aus dem Zentrum an aus dem Weste vum Land kommen – net ze vergiessen och Biergerinnen a Bierger aus dem Kanton Iechternach.

An deem Kontext wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch follgend Froe stellen:

  1. Wou sinn d’Virbereedungsaarbechte fir d’Uschafung vun engem weidere PET-CT momentan drun?
  2. Ass d’Madamm Ministesch gewëllt fir Gespréicher mat der Direktioun vum ChdN opzehuelen, fir datt sou eng Offer och am Norde vum Land verfügbar wier?
  3. Wéi huet sech d’Zuel vun de Behandlungen an deem Beräich zanter 2014 entwéckelt?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Mobbing am ëffentlechen Déngscht: Wat gëtt gemaach?

Och am ëffentlechen Déngscht ass Mobbing op der Aarbecht eng Realitéit, déi bal all 5. Staatsbeamte betrëfft.D’DP Deputéiert Gusty Graas a Fernand Etgen hunn an dem Kontext beim zoustännege Minister fir d’Fonction publique, nogefrot wéi heen déi aktuell Situatioun gesäit, wat geplangt wier fir dësem entgéint ze wierken an ob déi zoustänneg Kommissioun fir Mobbing am ëffentlechen Déngscht déi säit 2014 net méi aktiv ass, soll reaktivéiert ginn.

weiderliesen...

Sollt de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbuede ginn ?

An der Belsch an a Frankräich gouf rezent de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbueden. Dës Medikamenter sinn opgrond vun eventuelle gesondheetleche Risike vun elo u just nach op Ordonnance ze kréien.

D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si dëst Verbuet an eisen Nopeschlänner opfaasst, ob si esou ee Verbuet och zu Lëtzebuerg als sënnvoll ugesäit, an ob Dokteren a Patienten iwwer d’Risike vu Medikamenter mat Pseudoephedrin sensibiliséiert sollte ginn.

weiderliesen...

Zousätzlech national Regëster fir gréisser Krankheeten ?

Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei am Land zielen.
Den Zougrëff vum CGDIS op dës Regëster sollt och an d’A gefaasst ginn fir d’Prise en charge an Noutfallsituatiounen ze verbesseren.

weiderliesen...