Gëtt d’Recht op Ofdreiwung reforméiert ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt eng Aarbechtsgrupp d’Reform vum Ofdreiwungsrecht soll diskutéieren. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéini dëse Grupp seng Aarbechten ophëlt, wéi eng Akteuren un den Aarbechten deelhuele wäerten an ob nach an dëser Legislaturperiod mat enger Reform gerechent ka ginn?

Fro

« Le droit à l’avortement – et donc à l’autodétermination physique – de nombreuses femmes est restreint dans plusieurs pays.

En guise de contre-mouvement, d’autres États veulent étendre ce droit ou l’inscrire dans la constitution.

Le ministère de la Santé a évoqué des discussions en vue d’une révision du droit à l’avortement.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé :

  • Quand le groupe de travail prévu pour réviser le droit à l’avortement se réunira-t-il ?
  • Quels acteurs feront partie de ce groupe de travail ?
  • Quels points seront discutés et quand les travaux du groupe de travail devraient-ils être terminés ?
  • Madame la Ministre, pense-t-elle qu’une réforme du droit à l’avortement sera mise en œuvre avant la fin de la législature ?
  • Un groupe de travail sur l’établissement de statistiques avait également été annoncé l’année dernière. Ce groupe de travail a-t-il été constitué ? À partir de quand le ministère de la Santé publiera-t-il des statistiques sur les interruptions de grossesse au Luxembourg ?»

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...