De Gesondheetszoustand vun de Bëscher zu Lëtzebuerg

De Gesondheetszoustand vun de Beem zu Lëtzebuerg huet sech staark verschlechtert. D’DP Deputéiert Gilles Baum a Luc Emering hunn de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit gefrot wat fir konkret Projete lafe fir dem verschlechternde Gesondheetszoustand an der verschlechternder Resilienz vun de Bëscher entgéintzewierken a wou déi lafen, wat virgesinn ass fir massiv nei unzeplanzen an de Verloscht u Beem ze kompenséieren an ob Organismen, wéi de Borkenkäfer duerch den naassen Hierscht a Wanter manner Schued uriichte kann.

Fro

„D’Resultater vum leschten Inventaire phytosanitaire 2023 vun der Natur- a Bëschverwaltung hu gewisen, dass 14,5% vun de Beem komplett gesond sinn. 2013 waren et nach 33,8%. An 2023 gouf och fonnt, dass 12,3% vun de Beem scho souzesoen dout (déperissement avancé) oder wierklech dout sinn, wat immens beonrouegend ass. De Gesondheetszoustand vun de Beem zu Lëtzebuerg huet sech staark verschlechtert. Extrem Wiederkonditioune kënnen dozou féieren, dass d‘Entlaubung vun de Beem méi fréi an der Saison geschitt. Zum Beispill haten déi anormal waarm an dréche Fréijoren a Summeren tëscht 2018 an 2020, 2022 an 2023 en Impakt op d’Gesondheet vun de Beem.

Lëtzebuerg huet den 12. Juli 2023 en neit Bëschgesetz adoptéiert fir d’Bëscher nach besser ze schützen a gläichzäiteg eng sanft Exploitatioun z’erméiglechen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

– Wéi eng konkret Projete lafe fir dem verschlechternde Gesondheetszoustand an der verschlechternder Resilienz vun de Bëscher entgéintzewierken? A wéi enge Regiounen oder Gemenge lafen déi Projeten?

– Wat gesäit de Minister vir fir massiv nei unzeplanzen an de Verloscht u Beem ze kompenséieren? Wat fir Aarte vu Beem kann een dobäi virgesi, déi méi klimaresistent sinn? Wéi eng konkret Mesurë ginn ëmgesat vir eis Bëscher generell méi klimaresilient ze maachen?

-Verschidden Organismen, wéi de Borkenkäfer, kënne massiv Defoliatiounen vun de Beem erbäibréngen. Ass z’erwaarden, dass duerch den naassen Hierscht a Wanter de Borkenkäfer manner Schued uriichte kann?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...