Gesondheet a Rettungswiesen

Gesondheet a Sozialversécherung: Eng zouverlässeg medezinesch Versuergung uechter d’ganz Land

D’DP setzt sech fir en innovativen, effikassen a accessibele Gesondheetssysten mat enger nohalteger an transparenter Finanzéierung an.

Mir wëllen all de Mënschen e séieren Accès zu enger qualitativ héichwäerteger Versuergung – an alle de Regioune vum Land – erméiglechen. Dofir brauche mir eng kloer Visioun fir déi kommend Entwécklung. Mat definéierten Objektiver a mat enger koärenter Strategie.

Dank dem medezinesche Fortschrëtt verbessert sech déi ambulant medezinesch Versuergung permanent. E groussen Deel vun de medezinesche Servicer kann haut baussent de Spideeler offréiert ginn. Andeem mir déi ambulant Versuergung zu enger zentraler Sail vun eisem Gesondheeetssystem ausbauen, suerge mir dofir, datt de Progrès de Patienten zegutt kënnt.

D’Corona-Pandemie huet eis gewisen, wéi wäertvoll en zolitt Gesondheetswiesen ass. Wéinst der grousser Solidaritéit an Hëllefsbereetschaft, a wéinst dem fantasteschen Asaz vum ganze Gesondheetspersonal, hu mir d’Coronakris relativ gutt iwwerstaan. Nieft de Stäerkte vum System sinn awer och déi bekannte Schwaachstellen däitlech ginn: Akute Mangel u Spezialisten, personnell a materiell Ofhängegkeet vum Ausland, forcéiert Reporte vu wichtegen Depistage-Diagnosen. Mir wäerten aus deenen Erfarunge léieren an d’Resistenz vun eisem Gesondheetssystem verbesseren.

D’DP wäert besonnesch Wäert op d’Lutte géint de Mangel u Fachkräfte leeën. Déi demographesch Entwécklung, besonnesch a puncto Liewenserwaardung, wäert eise System an den nächste Jore belaaschten. D’Penurie u qualifizéierte medezinesche Fachkräften kréien awer haut scho vill Patienten ze spieren: Iwwerschaffte Personal, voll besate Salles d’attente an den Urgencen, laang Waardezäite beim Spezialist oder beim IRM, respektiv an der Mammographie an och déi zäitweis Fermeture vun der Maternité zu Ettelbréck sinn direkt Suitë vun dëser Entwécklung am Kader vun enger gescheiterter, plan-wirtschaftlecher Gesondheetspolitik.

D’Präventioun muss zu engem grondleeënde Prinzip vun der Gesondheetspolitik ginn. Dofir wëlle mir de Wäert vun der individueller Gesondheetsfërderung an alle Beräicher däitlech steigeren. Eist Zil ass et, datt méiglechst vill Mënsche méiglechst laang gesond bleiwen.

Fir d’Attraktivitéit vun eisem Gesondheeetsstandard ze verbesseren, wäert d’DP nei Kaderbestëmmunge schafen, déi de Wee an eng innovativ an ugepasste medezinesch Versuergung preparéieren. Dobäi wäerte mir méi op d’Digitaliséierung zeréckgräifen. Gläichzäiteg wäerte mir d’Gesondheetswiese fir alleguerten d’Gesondheetsberuffer opwäerten an d’Méiglechkeete fir d’Formatioun ausbauen.

An engems wäert d’DP de System vun der Sécurité Sociale duerch eng stabel a gerecht Finanzéierung laangfristeg ofsécheren.

Präventioun

Fir d’DP muss d’Gesondheetspräventioun zum Leitmotiv ginn. Mir wäerten e Perspektivwiessel am Gesondheetssystem duerchzéien an d’Präventioun an d’Fréierkennung op de gläichen Niveau hiewen ewéi déi kurativ Medezin. An deem Sënn ënnerstëtze mir d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun enger ëmfaassender nationaler Präventiounsstrategie. Mir wäerten an deem Kontext alleguerten déi national Virsuerg- a Fréierkennungs-Programmer op hir Qualitéit an hir Effikassitéit iwwerpréiwen, a wann néideg un déi nei Strategie upassen. Et ass kloer, datt d’Kapazitéite fir Präventioun a Fréierkennung mussen déi néideg Envergure hunn, fir Waardezäiten ze verhënneren.

Mir si fest dovunner iwwerzeegt, datt Virsuerg-Analysen a Fréierkennung nët nëmmen den individuelle Gesondheetsrisiko reduzéieren, ma laangfristeg och zu substantiellen Aspuerungen an der Santé féiere kënnen. Dofir wäert d’DP eng Partie Ureizer schafen, fir datt méi Leit vun där Virsuerg profitéieren an d’Chancë fir de fréizäitegen Depistage vu Krankheete ka verbessert ginn.

Am Kader vun der Präventiounsstrategie wäert d’DP sech dofir staark maachen, datt d’Leit vum 30. Gebuertsdag un, reegelméisseg a gratis Check-uppe beim Hausdokter maache kënnen. D’Zil ass et, fir potentiell Risike fir verschidde Krankheeten (Häerzinfarkt, coronaire Häerzkrankheeten oder Diabetes Typ-2) fréizäiteg z’erkennen. Dat geschitt duerch eng grëndlech Anamnèse a Labosanalysen.

Den Ament offréiere vill Apdikten e gratis Screening-Test fir Diabetes. D’DP wäert déi Offer ausbauen an z.B. Screening-Tester fir Daremkriibs oder Streptokokken ubidden.

Fir sech zu Lëtzebuuerg op eng sexuell iwwerdrobar Krankheet testen ze loossen, muss ee sech fir eng medezinesch Ënnersichung op eng bestëmmte Plaz deplacéieren. Dat ass fir vill Leit – aus Schimmt oder Angscht – eng potentiell Barrière a kann dozou féieren, datt si sech net teste loossen. Selbsttester, déi kënnen doheem gemaach ginn, bauen esou Barrièren of. Jee nodeem, kann den Test duerch eng einfach Prouf vum Spaut, Blut oder Urin gemaach ginn, déi dann an de Labo geschéckt gëtt. D’Resultater kommen iwwer E-Mail oder SMS. Mir denken awer un automatesch Quartals-Testkitten, déi ee sech ka schécke loossen. Leit mat wiesselnde Sexualpartner sollen encouragéiert ginn, fir sech reegelméisseg ze testen. Einfach a reegelméisseg Tester liwwere verlässlech Daten iwwer potentiell Ustiechungen. An dat schützt déi ganze Gesellschaft.

Mir leeë weider grousse Wäert op den Ausbau vun de schoulmedezinesche Servicer, besonnesch bei präliminäre Consultatioune fir d’Kanner, fir esou Krankheetsrisiken oder séilesch Problemer bei Kanner fréizäiteg z’erkennen. Mir wäerten d’Schoulmedezin, am Sënn vun enger kohärenter Präventioun a Fréierkennung, vun der Gebuert bis an den héijen Alter an eis Gesamtstrategie mat abannen.

Ambulant Versuergung

D’DP strieft dono, vum ganz Potenzial vun der ambulanter Versuergung ze profitéieren an hire Stellewäert an der Santé däitlech ze verbesseren. Méi ewéi 80 Prozent vun de medezinesche Servicer kënnen haut baussent de Spideeler offréiert ginn. Mir setzen eis dofir an, datt dëse medezinesche Fortschrëtt de Patienten uechter d’ganz Land zegutt kënnt. D’Virdeeler vun enger dezentraliséierter Versuergung sinn evident: De Patient huet méi kuerz Weeër a manner laang Waardezäiten an doduerjer e besseren Accès zur Medezin, besonnesch am ländleche Raum. An engems ginn d’Spideeler entlaascht a kënne sech op hir Käerkompetenzen an der Versuergung vu schlëmme Noutfäll a vu komplexe Krankheetsbiller konzentréieren.

D’Pandemie huet och zu Lëtzebuerg eng Impfskepsis bei ville Leit däitlech gemaach, déi d’Impfe vu mannerjärege Kanner géint de Corona-Virus refuséieren. Dofir begréisse mir, datt Mannerjäreger vu 16 Joer u selwer decidéiere kënnen, fir sech impfen ze loossen, an datt et bei Kanner tëschent 12 a 15 Joer just nach den Accord vun engem Elterendeel brauch. Déi medezinesch Selbstbestëmmung vu Mannerjärege soll awer net just fir Impfunge gëllen, ma och fir soss medezinesch Interventiounen a Behandlungen.

Doktesch-Cabinete sinn d’Grondlag fir eng flächendeckend an no Versuergung. D’DP wäert Mesuren ergräifen, fir d’Ouverture vun neie Cabinete vun Hausdokteren a vu Spezialiste méi attraktiv ze maachen, fir d’Grondversuergung am Land auszebauen. Weider wäerte mir verschidde Mesurë fërderen, fir Gemeischaftscabinete méi attraktiv ze maachen.

De Referenzdokter sollt d’Patienten am beschte kennen an den éischten Uspriechpartner bei gesondheetleche Problemer sinn. Leider huet sech de Modell vum Referenzdokter déi lescht 12 Joer, zanter senger Aféierung, net esou duerchgesat wéi erhofft. D’Zuel vun den Assuréen, déi dovunner Gebrauch maachen, an och d‘Partizipatioun vun den Dokteren ass éischter enttäuschend. D’DP wëll d’Konzept iwwerpréiwen an eventuell upassen.

D’DP ass weider fir d’Ouverture vun op d’mannst enger Maison médicale am Bezierk Osten. Wéinst der staarker Hausse vun der Bevëlkerung wäerte mir d’Zuel vun de Maisons médicales an den anere Bezierker iwwerpréiwen an eventuell upassen.

Fir d’Elteren an hir Kanner am Noutfall laang Trajeten an d’Stad z’erspueren, plangt d’DP weider pädiatresch Zentren, ë.a. am Bezierk Norden. Duerch dësen Ausbau wäert eng besser Disponibilitéit vun der medezinescher Versuergung fir d’Kanner garantéiert ginn. Dat erlaabt et den Elteren, fir kënne méi liicht op pädiatresch Servicer zeréckzegräifen, ouni musse laang ze fueren.

D’Demande no enger Gesondheetsversuergung doheem bei de Patiente wiisst, besonnesch bei Leit mat chronesche Kränkten oder Behënnerungen. Mir wëllen, datt déi Leit kënnen esou laang ewéi méiglech an hirem vertrauten Ëmfeld versuergt ginn. Dofir wäert d’DP en Aktiounsplang Out-of-hospital ausschaffen an ëmsetzen.

D’DP wëll préiwen, ob d’Hausdokteren an d’Gardë bei Urgencë kënnen eng blo Luucht gebrauchen, fir séier op d’Plaz ze kommen. Besonnesch déi Patienten, déi méi wäit ewech vun engem Spidol wunnen, kéinten dovunner profitéieren.

D’DP ënnerstëtzt d’Ariichtung vu Gebuertshaiser. Mir wëllen de Fraen eng Alternativ zur Gebuert am Spidol bidden, andeem si hir Kanner kënnen – zesumme mat der Hiewan – an engem méi intimen a vertraute Kader op d’Welt bréngen. D’Gebuertshaus sollt allerdéngs an der Géigend vun engem Spidol sinn a mat der Klinik vernetzt sinn, wa medezinesch Hëllef am Fall vun enger Urgence néideg wier.

Digitaliséierung

D’DP setzt sech fir eng séier Digitaliséierung am Gesondheetssekter an – ënner Berécksiichtegung vun de Fräiheetsrechter vun de Bierger a vun de Patienten. Dofir ass et essentiell, datt de rechtlechen an technesche Kader déi héchste Protectioun a Sécherheet fir d’Gesondheetsdate vun de Patiente garantéiert. Mir wäerten d’Standardiséierung vun den Dateformater an d’Interoperabilitéit vun den technesche Léisunge fërderen, an esou d’Basis fir e reguléierten Ökosystem leeën, an deem d’Patienten an d’Gesondheetsprestataire kënne sécher matenaner kommunikéieren. Den DSP muss an deem Sënn weiderentwéckelt ginn a kann zu enger wichteger Plattform vum Echange ginn. Andeem d’Patienten iwwer e Standardformat vun Date verfügen – déi mat enger elektronescher Signature duerch e Prestataire validéiert ass – kënne si hiren eegene Patientendossier opbauen – entweder am Kader vum DSP oder mat engem Prestatär vun hirem Choix – an dem jeeweilege Gesondheetsprestataire ganz oder zum Deel zougänglech maachen.

D’DP erkennt d’Potenzial vun der Telemedezin als weesentleche Bestanddeel vum künftege Gesondheetssystem un. D’Asazméiglechkeete si villfälteg – vun der Fern-Diagnostik duerch d’Transmissioun vu medezinesche Biller (Telepathologie) bis him zum Home-Monitoring vu Patienten. Mir wëllen d’Chancë vun der Digitaliséierung an Zukunft méi staark notzen, fir eng besser, méi effikass a méi flexibel Versuergung vun de Patienten ze garantéieren.

Am Kader vun der stationärer Patienteversuergung an de Spideeler, ma och beim Monitoring vu kritesche Patienten an de Fleegeheemer oder doheem, denken mir dorunner, eng direkt Datenerfassung an Dokumentatioun um Bett duerch de konsequenten Asaz vun digitalen Hëllefsmëttel oder vu mobilen Apparaten z’erméiglechen. Dësen Deel vun der digitaler Transformatioun vum Gesondheetswiese kann dozou bäidroen, d’Bürokratie an d’Belaaschtung vum Gesondheetspersonal däitlech ze reduzéieren a gläichzäiteg eng méi effikass Saisie a Verwaltung vun de Patientendaten erméiglechen. D’Zäit, déi esou agespuert gëtt, kënnt direkt de Patienten zegutt.

Esou wéi an aneren europäesche Länner, wëlle mir och zu Lëtzebuerg déi digital Rezepter aféieren. D’Rezepter sollen an Zukunft zesumme mat den Date vun de Patienten a mat de Resultater an Analysen an engem digitalen Dossier gespäichert ginn, op deen de ganze Gesondheetssekter Accès huet. No der Identifikatioun vum Patient kann den Apdikter direkt op dat digitaalt Rezept zeréckgräifen, dat den Dokter am Dossier ofgespäichert huet. De Patient soll och d’Méiglechkeet kréien, eng Repetitioun vum Medikament digital unzefroen. D’E-Rezept huet och de Virdeel, datt méiglech Allergië kënnen direkt mat den Niewewierkunge vun engem Medikament ofgecheckt ginn, ier d’Medikament eraus geet.

Mëttel- a laangfristeg sollen d’E-Rezepter an der ganzer EU gëllen, esou wéi et elo schonn tëschent Finland an Estland funktionéiert.

Am Virfeld wäerte mir dofir suergen, datt alleguerten d’IT-Systemer vun den Dokteren, Spideeler, Apdikten a soss Acteuren aus der Santé harmoniséiert ginn, fir e sécheren an séieren Datenechange ze garantéieren.

D’Multitude vun de Gesondheets-Applikatioune wiist permanent. An den App-Storë fënnt een eng breet Pallett un Applikatiounen, fir d’Beweegung an d’Gesondheet ze fërderen. D’DP wäert préiwen, ob de Remboursement fir verschidde qualitéitsgepréiften a vum Dokter verschriwwen Appe méiglech ass. Mir wëllen dat checken a gegebenefalls ënnerstëtzen.

D’DP wëll eng medezinescht Video-Hotline fir digital Consultatiounen ariichten, fir nuets an de Weekend méi séier mam Dokter a Kontakt ze kommen. Dat kéint eng séier éischt Diagnos an eng Iwwerweisung garantéieren, wärend d’Urgencen an de Spideeler géingen entlaascht ginn.

D’DP wëll vum Potenzial vun der personaliséierter Medezin profitéieren a weider Etudë vun der Uni Lëtzebuerg op deem Gebitt fërderen. Den Accès zu méi präzisen Diagnosen a moossgeschneiderte Behandlungs-Usäz wäert een entscheedende Bäitrag zu enger besserer medezinescher Betreiung vun de Patiente leeschten.

Den Ament huet Lëtzebuerg eng ongenügend Vernetzung an eng feelend Interoperabilitéit tëschen de Spideeler, den Dokeschcabineten, den Apdikten, de Laboen an der Gesondheetskeess. Duech d’Aféierung vun engem eenheetlechen Informatiounssystem kënne relevant Daten a Resultater/Analysen besser erfaasst ginn. Dat féiert zu enger besserer Käschten- an Zäiteffizienz an der Santé. Doriwwer eraus erméiglecht et déi effikass Veraarbechtung vu Daten a verhënnert den Abus. D’DP leet grousse Wäert op Dateschutz an -sécherheet, déi duerch entspriechend gesetzlech an technesch Mesurë garantéiert ginn.

Verschiddenes

D’DP wëll e Pandemiegesetz op der Basis vun den Experienzen aus de vergaangene Joren, dat eist Land beschtméiglech op kommend Epedemien a Pandemië preparéiert. D’Gesetz soll kloer Richtlinne virginn, fir am Fall vun engem Ausbroch séier an effikass handelen ze kënnen, wärend et gläichzäiteg genuch Flexibilitéit léisst, fir ugemiess op déi spezifesch Bedingunge vun all Kris reagéieren ze kënnen. Als liberal Partei ass et eis wichteg, datt de Geescht vun esou engem Gesetz muss op alle Fall mat den onantastbare Fräiheetsrechter vun all eenzele kompatibel sinn.

D’DP wäert sech dofir asetzen, dass all Spidolsgroupe e Wunnheem fir d’Leit aus de Gesondheetsberuffer kritt. Dat Wunnheem soll deene Leit zegutt kommen, déi nach an der Ausbildung sinn oder en zäitlech begrenzte Praktikum maachen. Et soll och beruffstätege Persounen déngen, déi deels gréisser oder ermiddend Trajeten op d’Aarbecht maache mussen. Weider soll dat Wunnheem do sinn, wa Leit nuets an der Urgence schaffen. D’Zil vun dëser Mesure ass et, fir dem Manktem u spezialiséiertem Personal entgéintzewierken an d’Attraktivitéit vun der Ausbildung an och d’Beruffer selwer ze verbesseren. Den ideale Site ass an der Géigend vum Haaptspidol vum jeeweilege Spidolsgroupe, an däer d’Urgence ass.

D’DP wäert sech fir eng besser Integratioun vun de fräiberuffleche Gesondheetsberuffer (Osteopathie, Chiropraktik, Kinesitherapie, Psychotherapie, etc.) an dat nationaalt Gesondheetswiesen asetzen. De Leeschtungskatalog vun de Gesondheetsberuffer soll permanent evaluéiert a wann néideg ergänzt ginn. D’Zil besteet an engem nationale Gesamtkonzept, fir eng gréisstméiglech Komplementaritéit a Kollaboratioun tëschent all de Gesondheetsberuffer hierzestellen. Kloer Qualitéitscritèrë sollen en optimaalt Resultat vun der Behandlung garantéieren. D’Eegestännegkeet vun de Fräiberuffer an der Santé soll erhale bleiwen.

Gréisser Urgencen hunn dat néidegt diagnostescht Equipement (Labo, Radiologie), personal Ressourcen (Doktere mat verschidde Spezialisatiounen, Infirmier- ièren, Labo- a Radiopersonal) an d’Infrastruktur, fir am Noutfall kënne séier ze hëllefen. Den Ament gëtt et véier gréisser Urgencen an de Spideeler. D’DP wäert sech dofir asetzen, datt dräi gréisser Urgencë bäikommen. D’Zil ass 1 gréisser Urgence fir 100.000 Awunner. Déi dräi zousätzlech Urgencë wäerten an neien Strukture baussent de Spideeler ageriicht ginn. Si sinn all Dag vu sechs Auer mueres bis ongeféier 11 Auer owes op. Dobäi gëtt garantéiert, datt d’Dokteren net sollen ënner Drock verschreiwen oder behandelen. D’Labos- a Radiologie-Infrastrukture gi vum private Prestataire iwwerholl. Fir e Volumen ze garantéieren, dee grouss genuch ass, gëtt all gréisser Urgence an der Zukunft un en Doktesch-Zentrum ugegliddert.

All Bierger am Land huet d’Recht op eng Gesondheetsversuergung op héchstem Niveau. Dofir wëll sech d’DP dofir asetzen, datt an de grousse Fachgebidder an de Spideeler all Kéier een Exzellenz-Zenter kënnt. Déi Zentre sollen den nationale Mindeststandard an hirem Fachberäich festleeën an national Datebanke schafen, an deenen d’Behandlungs-Resultater bei alle Patienten an enger strukturéierter Aart a Weis dokumentéiert ginn

Komplex Infektiounstherapië dauchen net all an de Fachgebidder vun der Medezin a vun der Chirurgie op. Wann déi Infektiounskrankheeten net fachgerecht behandelt ginn, dann hunn d’Patienten dacks e laange Leidenswee viru sech. Déi optimal Behandlung vu komplexen Infektioune verlaangt e fundéierten mikrobiologesch-internistesche Know-how, wei en de Spezialist fir d’Infektiologie huet. D’Behandlungskonzept gëtt am kollegialen Echange vum Spezialist mat den Doktere festgeluecht, déi de Patient behandelen. D’DP wäert sech dofir asetzen, dat all Spidoolsgroupe en eegene Spezialist fir Infektiologie kritt.

Bei Schwéierblesséierten entscheed d’Onfall-Chirurgie net nëmmen dacks iwwer Liewen an Dout, ma oft – am Fall, wou de Patient iwwerlieft – och iwwert déi laangwiereg Auswierkunge vun de Blessuren op d’Liewensqualitéit an d’Aarbechtscapacitéit vum Affer. D’Traumatologie an hir Organisatioun mussen deemno den héchsten Uspréch gerecht ginn. D’DP wäert sech dofir asetzen, datt d’Organisatioun an d’Qualitéit vun der medezinescher Betreiung an den Urgencë muss den héchste Critèrë entspriechen.

An hirem Rapport iwwer d’Bewältegung vun der Pandemie, lueft d’OECD déi séier an aläert Reaktioun op den onerwaarte Virus zu Lëtzebuerg. Esou wier d’Iwwerstierflechkeet z.B. méi kleng ausgefall wéi an anere Länner. De Rapport ënnersträicht awer och d’Erausfuerderungen, deene Lëtzebuerg géintiwwer steet. Als strukturell Schwäche vum Gesondheetssystem ginn déi staark Ofhängegkeet vun den Nopeschlänner an déi kleng Dicht vun den Doktere genannt. Fir an Zukunft besser op eng Pandemie an op hir Auswierkunge preparéiert ze sinn, wäert d’DP déi eenzel Recommandatioune vun der OECD ëmsetzen.

D’DP wäert Mesuren ergräifen, fir de Risiko vun nosokomialen Infektiounen an de Spideeler ze reduzéieren. Dobäi läit de Fokus op der Präventioun vun den Infektiounen. Et wäerte Richtlinnen a Protokoller entwéckelt an ëmgesat ginn, fir d’Optrieden an d’Verbreede vu nosokomialen Infektiounen ze minimiséieren. Weider wëll d’DP sécherstellen, datt spezialiséiert Infirmieren -ièren forméiert ginn, fir d’Virgaben zur Infektiounskontroll z’iwwerwaachen a bewäerte Praktiken an deem Beräich ëmzesetzen. Zousätzlech soll all Spidoolsgroupe en eegene Fachdokter fir Infektiounspräventioun a -kontrolle kréien. Domadder sollen nosokomial Infektioune reduzéiert an d’Sécherheet vun de Patienten an de Spideeler erhéijt ginn.

Bei Urgencë sollen d’Patienten net musse laang fir an d’Spidol brauchen. D’DP wäert d’Sitë vun de regionalen Urgencen zu Wolz, Nidderkuer, Diddeleng an an der Zitha (HRS) laangfristeg ofsécheren. Dat entlaascht déi gréisser Urgencen an dréit zu enger besserer prise en charge an de städteschen an an de ländleche Géigende bäi.

All Fra huet d’Recht iwwert hiren eegene Kierper. Mir wäerten dat Recht duerch d’Ofschafe vun der Frist vun dräi Deeg nom obligatoresche Berodungsgespréich stäerken. Weider wëlle mir eng breet ugeluechte Campagne maachen, fir datt alleguerten d’Leit iwwert déi medikamentös Odreiwung (Pille danach) an iwwertdäer hir Disponibilitéit Bescheed wëssen, fir datt déi betraffe Fraen net mussen operativ ofdreiwen.

D’Repercutioune vu rare Krankheeten op d’Liewe vun den Betraffene sinn dacks net genuch bekannt beim Grand public. Dat féiert zu Virurteeler, ënnert deenen déi krank Leit zousätzlech leiden. D’DP wäert d’Bierger an Zesummenaarbecht mat den Acteuren aus dem Sekter iwwert déi seele Krankheeten an hir Auswierkunge sensibiliséieren. Dozou gehéiert och d’Erneierung vum Nationale Plang iwwer rar Krankheete fir d’Zäit vun 2004 bis 2009. An deem Kontext wëll d’DP och analyséieren, wéi d’Fréierkennung vu seele Krankheete bei Kanner ka verbessert ginn, e Regëster fir rar Krankheeten opstellen an de Statut fir d’Aféiere vu Laangzäiterkrankungen ënnersichen.

Drone kënnen den Transport vun Zellen, Organer oder Bluttransfusiounen erliichteren an Defibrilatore kënne mat Dronen a ländlech Géigende geflu ginn, fir bei enger Urgence méi séier reagéieren ze kënnen. D’DP erkennt déi grouss Virdeeler vum techneschen Fortschrëtt un a wëll kucken a wéi engen Domainer Dronen hei am Land kënne genotzt ginn.

D’DP wäert en ëffentleche Fong ariichten, deen de Patient bei onerwaarten Tëschefäll (déi net op Feeler vu Prestatären zeréckzeféiere sinn; de sougenannten aléas thérapeutiques) entschiedegt. Doduerjer ginn d’Rechter vun de Patiente gestäerkt. De Fong soll et méiglech maachen, fir Patienten z’entschiedegen, bei deenen hirer Behandlung en Accident geschitt ass, deen net op en zivil-rechtleche Feeler zeréckzeféieren ass, an deen also net viru Geriicht ka verhandelt ginn. Well d’Rout Kräiz den Ament bei Problemer mat Blutspende responsabel ass, wäert de Fong och dozou bäidroen, fir d’Diskriminéierung vun homosexuelle Männer beim blutspenden endlech en Enn ze setzen – een Uleies, dat der DP scho laang um Häerz läit.

D’DP fuerdert, datt d’Diskriminéierung vu bi- an homosexuelle Mënschen en Enn gesat gëtt. Den Accès zum Blutspende soll sech um Prinzip vum individual risk assessment riichten, also no der individueller Risikobewäertung – an onofhängeg vun der sexueller Orientatioun vum Spender.

Fir am Eeschtfall richteg ze reagéieren, sollt all Mënsch d’Basis vun der éischter Hëllef beherrschen. D’DP proposéiert, fir d’Offer vun den Éischt-Hëllef-Coursen auszebauen.

Fir Dokteren an aner Gesondheetsberuffer si Weiderbildungen zwar obligatoresch, ma et gëtt keen unerkannte System, fir esou eng Weiderbildung ze beleeën. Mir wäerten eis dofir asetzen, en international unerkannte System vu Credit points am Kader vun der Formatioun continue anzeféieren.

Fir datt aus enger méi laanger Liewenserwaardung och e méi erfëlltent an aktiivt Liewe gëtt, kënnt et fir d’DP dorobber un, gesond ze bleiwen oder am Krankheetsfall erëm méiglechst séier gesond ze ginn. D’DP setzt an deem Kontext op eng Stäerkung vun der Offer vun den alterspezifeschen Diganosen a Behandlungen. Weider wëlle mir déi spezialiséiert Infirmieren -ièren fir déi klinesch Geriatrie ausbilden.

D’DP wäert déi momentan streng reguléiert Apdikte liberaliséieren, fir den Accès zu rezeptflichtege Medikamenter ze verbesseren. D’DP wäert sech an deem Kontext un d’Proposë vum nationale Kompetitivitéits-Conseil orientéieren. Esou sollen z.B. d’Reegelunge bei der Installatioun vun enger Apdikt manner streng applizéiert ginn.

Donieft soll et och méiglech ginn, fir net-rezeptflichteg Medikamenter bausssent den Apdikten – z.B. a Supermarchéen – fräi ze verkafen.

Am europäesche Verglach läit Lëtzebuerg just am Mëttelfeld, wat d’Disponibilitéit vu Medikamenter fir Patiente betrëfft. D’DP wäert sech intensiv mat der Prozedur fir d’Zouloossung vu Medikamenter zu Lëtzebuerg beschäftegen, fir d’Disponibilitéit fir d’Patienten ze verbesseren. Mir wäerten eis och méi fir d’Generiken asetzen, fir Enkpäss bei der Versuergung wäitgeeënd ze reduzéieren. Mir wëllen eis och fir eng besser Versuergungssécherheet vu Medikamenter an Europa asetzen.

Fir d’Surveillance vun de Medikamenter ze verbesseren, wäert d’DP méi intensiv mat den Apdikter zesummeschaffen an eng Agence vun de Medikamenter zu Lëtzebuerg weiderdreiwen.

Zanter Januar 2020 reegelt en Accord tëschent dem Gesondheetsministère an der Associatioun vun den Assurancen a Reassurancen den Droit à l’oubli zu Lëtzebuerg. Doduerch ass ë.a. d’Liewesversécherung fir Mënschen, déi eng Kriibserkrankung iwwerlieft hunn, erëm méi accessibel ginn. D’DP wäert d’Auswierkunge vun deem Accord bewäerten a kucken, ob dat och kann op aner Krankheeten ausgebaut ginn.

Den Ament leeft e Pilotprojet fir déi universell Gesondheetsversuergung. D’DP wäert déi Analys vun de Pilotprojeten ofwaarden a bei enger positiver Bewäertung eng gesetzlech Grondlag fir eng universell Gesondheetsversuergung virgesinn.

Zanter 2022 hunn d’Fraen zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet, fir d’Schwangerschaftsvirsuerg bei enger Hiewan ze maachen. Allerdengs ass déi staatlech Allocation prénatale den Ament u Consultatioune beim Fraendokter gebonnen. Fir déi kommend Mamme bei hirer Decisioun fir eng Schwangerschaftsvirsuerg duerch eng Hiewan z’ënnerstëtzen, wäert d’DP de Paiement vun däer Allocatioun och Fraen erméiglechen, déi sech just vun enger Hiewan versuerge loossen.

All Mënsch mat enger liewesgeféierlecher Erkrankung brauch eng empathesch, fachgerecht medezinesch Begleedung. D’Liewensqualitéit gëtt duerch physesch, psychesch a sozial Aspekter staark beaflosst.

D’DP wëll de Leit an Nout hëllefen an duerch spezialiséiert Personal ënnerstëtzen: doheem oder an enger spezifescher Institutioun.

D’DP mécht et sech zur Aufgab, fir d’Mënsche méi intensiv iwwert eng Patienteverfügung an d’Ernennung vun enger Vertrauenspersoun z’informéieren. D’DP wäert sech fir eng verbessert an ëmfaassend Pallativersuergung asetzen, déi de Besoine vun de Betraffene gerecht gëtt.

Fir de leschte Wee vum Liewe vu schwéierkranke Kanner esou douce ewéi méiglech ze gestalten, wëll d’DP kucken, a wéiwäit eng Upassung vun de palliative Strukturen un d’Besoine vun de Kanner méiglech ass. Mir wäerten och entspriechend Aus- a Fortbildunge fërderen.

Zanter 2019 ass d’Stierfhëllef zu Lëtzebuerg legal. D’DP wäert sech dofir asetzen, den Accès zur Informatioun ze verbesseren. Dat ëmfaast d’Stäerke vum Sekretariat vun der nationaler Kontroll- a Bewäertungskommissioun (Commission nationale de contrôle et d’évaluation de la loi sur l’euthanasie et l’assistance au suicide) an d’Schafe vun Ulafstellen an de Spideeler an am Gesondheetsministère. Weider wäerten d’Dokteren, déi refuséieren d’Stierfhëllef auszeféieren, verflicht ginn, fir d’Patienten op déi Plazen ze verweisen, wou dat méiglech ass. Op déi Manéier wëlle mir sécherstellen, datt Betraffener an hir Familljen ëmfaasend a kloer Informatioune kréien, an eng ugemiessen Ënnerstëtzung bei Entscheedungen iwwer d’Enn vum Liewen.

Den Héichschoulministère huet eng Partie Filièren an der Krankefleeg op der Uni Lëtzebuerg ageféiert. Dozou zielen e Bachelor an der allgemenger Krankefleeg, véier Bacheloren an der spezialiséierter Krankefleeg, ee Bachelor fir Hiewanen an e Bachelor Medezinesch-techneschen Assistent fir Radiologie. Esou dréit Lëtzebuerg säin Deel zur Gesondheetsausbildung an der Groussregioun bäi.

Well déi Bacheloren a verschiddenen akademesche Joren ufänken (den éischten huet 2022/2023 ugefangen), wäert d’DP d’Entwécklung vun de neie Filièren analyséieren an eventuell upassen.

Cf. Kapitel Héichschoul a Fuerschung

Mental Gesondheet

D’DP gesäit an der mentaler Gesondheet ee vun den Haaptpilliere vun engem erfëllten a gesonde Liewen. Am Kader vun der COVID-19-Pandemie ass déi psychesch Gesondheet vun der Populatioun uerg op d’Prouf gestallt ginn. D’Versuergungslag ass an de Mëttelpunkt vun der Opmierksamkeet geréckelt. Lëtzebuerg huet e puer Lacunen am Beräich vun der psychescher Gesondheet. Esou sinn z.B. infrastrukturell a konzeptuell Defiziter an e Mangel u spezialiséiertem Personal an u spezialiséierten Dokteren däichtlech ginn. Eerausfuerderungen ewéi Stigmatiséierung, Virurteeler an e mangelnd Bewosstsinn fir déi psychesch Gesondheet, riskéieren déi Defizier an Zukunft nach ze verschäerfen.

Mir wäerten de Stellewäert vun der mentaler Gesondheet verstäerken an déi psychosozial Versuergung ausbauen. Dem nationale Plang fir déi psychesch Gesondheet no, sollten déi proposéiert Mesurë prioriséiert ginn.

Déi psychesch a sozial Gesondheet ass e wichtegen Deel vun der allgemenger Gesondheet, wat no der Covid-Pandemie däitlech ginn ass. Den aktuelle wirtschaftleche Kontext kann zu psycheschen a sozialen Inconveniante féieren. D’DP wäert un der Präventiounsstrategie fir déi mental a sozial Gesondheet schaffen.

D’DP setzt sech fir déi psychesch Gesondheet a fir d’Wuelbefanne vun Dokteren a Fleegekräften an, déi all Dag mat usprochsvollen a belaaschtende Situatioune confrontéiert sinn. An deem Zesummenhang wëlle mir hinnen d’Recht op Fortbildung am Beräich vun der psychescher Gesondheet an der individueller psychologescher Berodung accessibel maachen, fir hir eege psychesch Gesondheet ze fërderen. Mir si fest dovunner iwwerzeegt, datt déi Mesuren net nëmmen de Fachkräfte selwer zegutt kommen, ma och an der Qualitéit vun der Versuergung vun de Patiente spierbar sinn.

D’DP wëll verstäerkt op präventiv Moossnaamen zeréckgräifen. Zanter der Aféierung am Oktober 2020 hunn d’Éischt-Hëllef-Course fir déi psychesch Gesondheet, eng positiv Resonanz gehat a sinn e grousse Succès. Mir wäerten dofir déi néideg Mëttel zur Verfügung stellen, fir déi Coursen auszebauen.

D’DP wëll de Weiderbildungsprogramm fir medezinescht Fachpersonal ausbauen. Doduerch soll d’Capacitéit verbessert ginn, d’Warnsignaler vun Depressiounen a Suicide bei Patientinnen a Patienten fréizäiteg z’erkennen a richteg dorobber ze reagéieren.

D’DP wëll eng ëmfaassend Opkläerungscampagne zum Thema Postnatal Depressioun an d’Liewe ruffen. Dobäi sollen net nëmme d’Mammen, ma och an zemol d’Pappe mat abezu ginn. Eist Zil ass et, eng déifgräifend Informatioun an Ënnerstëtzung z’offréieren, fir d’Bewosstsinn an d’Verständnis fir dës wichteg Thematik ze fërderen an ze verdéiwen.

Déi psychiatresch Urgencë sinn iwwerfëllt an et gëtt knapps genuch Better an de Spideeler fir alleguerten d’Patienten. Fir déi Situatioun ze verbesseren, wëll d’DP d’Situatioun an d’Besoine vun den Urgencen analyséieren. Krisen-Zentre mat spezialiséiertem Personal a mat enger ugemiessener Infrastruktur sollten agefüügt ginn. Méiglech regional/national Synergië sollte gefërdert ginn. Doriwwer eraus wëlle mir d’Offer u Spidolsbetter am Akut- an am Rehabilitatiounsberäich jee no Bedarf ausbauen. Dobäi wäerte mir der demographescher Entwécklung an och de Bürfnisser vun de vulnerabele Mënsche besser gerecht ginn. Den ambulanten, konventionéierte Beräich soll ausgebaut ginn an attrakiv Aarbechtsbedingunge fir spezialiséiert Personal an Doktere bidden.

Nieft de stationären Offeren an ambulante kanner- a jugendpsychiatreschen/psychotherapeutesche Cabineten, setzt d’DP sech dofir an, fir regional, multidisciplinär Berodungsplaze baussent de Spideeler ze schafen. Domadder wëlle mir eng global, ugepassten an direkt Versuergung sécherstellen, an en ëmfaassende Support an der vertrauter Ëmgéigend vun de jonke Patienten an hire Familljen erméiglechen. Besonnesch Besoinen – z.B. Transitiouns-Psychiatrie – sollten och passend ofgedeckt ginn.

2015 ass d’Gesetz iwwer d’Regelementéierung vum Beruff vum Psychotherapeut an der Chamber gestëmmt ginn. D’DP plangt an Zesummenaarbecht ma de bedeelegte Parteien eng Iwwerpréifung, fir erauszefannen, ob d’Gesetz seng Ziler erreecht huet oder spezifesch Upassungen néideg sinn.

Lëtzebuerg gehéiert zu de leschte Länner an der EU, an deenen de Beruff vum Psycholog net reglementéiert ass. D’DP wëll eng qualitativ héichwäerteg psychologesch Betreiung garantéieren an d’Bierger esou virun net adäquat forméierte Pseudopsychologe schützen. Mir wäerten eis dofir fir eng Reglementatioun vum Beruff asetzen.

Sozialversécherung

D’DP wäert déi laangwiereg Prozedure vun der Kommissioun vun der Nomenklatur vereinfachen an d’Lëscht vun de medezineschen, zänn-medezineschen an technesch-medezinesche Behandlunge méi dacks un d’Entwécklungen an der Medezin upassen.

D’Spideeler zu Lëtzebuerg gi mat engem annuelle Budget vun iwwer 1 Milliard Euro finanzéiert, wat ronn d’Halschent vun den Depense vun der CNS ausmécht. Leider ass den aktuelle Budgetskader net transparent genuch. Fir dat z’änneren, plangt d’DP, fir d’Spidolsfinanzéierung z’iwwerschaffen an esou eng transparent Budgetiséierung ze garantéieren. Zousätzlech gëtt dorunner geduecht, ob eng aktivitéisbezunne Finanzéierung, wéi se an de fräie Gesondheetsberuffer applizéiert gëtt, laangfristeg net méi nohalteg fir eise Gesondheetssystem wier.

Am Fall vun enger Réckruffaktioun vu engem medezinesche Material, mussen déi betraffe Patienten direkt informéiert ginn, fir gesondheetlech Risiken ze vermeiden. D’DP wäert d’Prozedur vun der Iwwerwaachung vum medezinesche Material verbesseren a méi transparent maachen. Absolut noutwendeg Date mussen an esou Situatiounen disponibel sinn. D’Dateschutz-Reglementéierung dierf an Ëmstänn, déi Gesondheet kënne gefäerden, net zu enger absoluter Barrière ginn.

D’DP setzt sech dofir an, d’Kommunikatioun mat all de Verwaltunge vun der Sozialversécherung ze verbesseren. Do gëtt besonnesch uecht gedon, datt d’Matdeelunge méisproocheg a liicht verständlich sinn, fir onnéideg Réckfroen an de Verloscht vu personelle Ressourcen ze vermeiden. Allze dacks sinn d’Matdeelunge vun der Sécurité Sociale ze komplizéiert a maachen d’Leit dronken, wat zu Retarden an der Beaarbechtung an zu onnéidege Käschte féiert.

Am Fall vun engem therapeuteschen Hallefdags-Congé mécht d’DP sech dofir staark, fir de Compteur vum 78-Wochen-Krankeschäin unzehalen, well d’Efforte vun enger progressiver Reprise vun der Aarbecht net solle bestrooft ginn.

Verschidde Krankheeten – virop de Kriibs – brauche net nëmmen eng laang Reconvalescence, ma sinn onglécklecherweis ëmmer erëm vu Réckfäll begleet. Kriibspatiente sinn deemno staark gefäert, fir déi maximal Grenz vun 78 Woche Krankeschäin bannent der Amplitude vun zwee Joer z’iwwerschreiden, wat zum Verloscht vun der Sozialversécherung féiere kann. D’DP wëll speziell Reegele festleeën, déi d’Patiente schützt an de Verloscht vun der Sozialversécherung verhënnert.

D’Musek- an d’Zootherapie gi bei psychesche Problemer a bei Mënsche mat Demenz, Authismus oder spezifesche kierperlechen Erkrankungen applizéiert. D’Musektherapie ass schonn an aacht europäesche Länner gesetzlech festgeschriwwen. D’DP wëll d’Unerkennung vun der Musek- a vun der Zootherapie zu Lëtzebuerg fërderen.

Cf. Kapitel Aarbecht

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp