Gesellschaftspolitik: Gläich Rechter fir jiddereen
Toleranz, Respekt an Oppenheet sinn d’Basis vun enger modener, liberaler an inklusiver Gesellschaft. D’DP setzt sech fir eng Politik an, déi d’Besoine vun all de Bierger respektéiert: Onofhängeg vu Geschlecht, Alter, Origine oder sexueller Orientéierung. Sief et a Froe vun der Gläichstellung, der gesellschaftler Akzeptanz, der Gesondheet, dem Aarbechtsëmfeld oder der kierperlecher Selbstbestëmmung: Mat 0,7 Prozent huet Lëtzebuerg den niddregsten Gender Pay Gap an der EU. An dësem Beräich si scho vill Effort gemaach ginn. Ongläich Bezuelung ass awer nëmmen ee klengen Deel vun de Benodeelegungen, deene verschidde Leit am Liewe begéinen.
D’DP ass decidéiert, Ongläichheeten am Ëmgang mat de Leit z’erfaassen, a sech fir eng méi gerecht Gesellschaft anzesetzen.
Déi klassesch Zwee-Geschlechter-Kategoriséierung tëschent Mann a Fra, an déi exklusiv Gläichstellung vu Fraen a Männer si fir d’DP neméi zäitgeméiss. D’DP ass dofir der Meenung, dass de Ministère fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer mat sénger aktueller Bezeechnung dëser Diversitéit net méi gerecht gëtt. D’DP wäert sech dofir fir eng Ännerung asetzen: Z.B. Ministère fir d’Gläichstellung vun alle Mënschen.
Fir géint d’Stereotype vu Geschlechterrolle virzegoen, wäert d’DP weider déi néideg Moyenen zur Verfügung stellen, fir Sensibiliséierungscampagnen wéi de Girls Day – Boys Day z’ënnerstëtzen. Am Sënn vun der Genderneutralitéit sollt och iwwert en anere Numm fir dee Projet nogeduecht ginn.
Cf. Kapitel Gesondheet
Déi kënschtlech Befruchtung (In-Vitro-Fertilisation) gëtt den Ament hei am Land duerch e grousshäerzoglecht Reglement gereegelt. D’Medezin huet e klore Kader fir d’IVF an et gëtt och verschidden Aschränkungen, wat d’Behandlungen an de Remboursement betrëfft. D’DP proposéiert eng gesetzlech Basis fir den IVF ze schafen, déi d’Prozedure fir d’Elteren an fir d’Doktere kloer reegelt.
Duerch d’Aféierung vun der Leihmutterschaft (Maternité de substitution) zu Lëtzebuerg, wëll d’DP de Koppelen, déi wéinst medezinesche Grënn oder soss Ëmstänn keng biologesch Eltere kënne ginn, d’Méiglechkeet bidden, eng Famill ze grënnen. D’Leihmutterschaft soll op engem nobele Prinzip baséieren, bei deem d’Motivatioun vun der Leihmutter eng generéis ass. Dobäi wäerte mir natierlech de rechtlechen an den ethesche Kader genee préiwen, fir d’Interessien an d’Rechter vun alle Bedeelegten ugemiess ze schützen. Déi auslännesch Leihmutterschaft soll och zu Lëtzebuerg unerkannt ginn.
Am Rating vun der ILGA (International Lesbian, Gay, Bisexual, Trans and Intersex Association) ass Lëtzebuerg generell gutt plazéiert. Eng Bedingung, déi Lëtzebuerg (am Géigesaz z.B. zu Fankräich) nach net erfëllt, ass, datt Konversiouns-Therapië fir Mënschen aus dem LGBTQ+-Beräich gesetzlech net ausdrécklech verbuede sinn. D’DP setzt sech dofir an, datt déi Therapien an der Legislatioun als Deel vum Recht op eng kierperlech a mental Integritéit verankert ginn.
Stellt sech bei engem neigebuerene Kand eraus, datt de Bébé intergeschlechtlech ass, gëtt nach ëmmer op eng geschlechts-zouweisend Operatioun zeréckgegraff, déi d’Kand engem biologesche Geschlecht zouweist. Déi Operatioune si meescht net iwwerliewenswichteg a kéinten och op méi spéit verluecht ginn, wann d’Kand déi Decisioun selwer huele kann. Vill intergeschlechtlech Mënsche leiden an hirem spéidere Liewen ënnert de Suitë vun deem Agrëff. D’DP setzt sech dofir an, datt déi Operatioune verbuede ginn an d’Eltere besser iwwer d’Konsequenze vun esou enger Decisioun informéiert ginn.
Nodeem an der leschter Legislaturperiod schonn e Gesetz zum bessere Schutz fir d’Affer vun der Zwangs-Prostitutioun ugeholl gi sinn, wäert d’DP weider Efforten ënnerhuelen, fir d’Prostitutioun vun de Lëtzebuerger Stroossen ze kréien. Mir wäerte préiwen, ob eng deelweis Legaliséierung vun der Prostitutioun an enregistréierten a staatlech kontrolléierten Ariichtungen hëllefe kann, fir dat Zil z’erreechen.
Nieft der Optioun Fra oder Mann, wëll d’DP eng drëtt Optioun, an och d’Méiglechkeet, fir iwwerhaapt kee Geschlecht unzeginn, an all den ëffentlechen Dokumenter, Demanden a Kontrakter vu staatlechen a para-staatlechen Acteure méiglech maachen.
Cf. Kapitel Finanzplaz
Cf. Kapitel Ëffentlechen Déngscht
Cf. Kapitel Sport
De Verbuet vun Zertifikater iwwer d’Virginitéit vu Fraen a Meedercher ass eng däitlech Botschaft: De weibleche Kierper soll weder ënnersicht, nach bewäert oder kontrolléiert ginn. Dat Verbuet stäerkt dat grondleegend Recht vun der Fra, fir selwer iwwert hire Kierper an hir Sexualitéit ze decidéieren. Doriwwer eraus gëtt d’Würd vun der Fra protegéiert an d’Geschlechter-Diskriminéierung bekämpft.