Atert Natur Ëmwelt Baach Floss

Gefor duerch Bamstämm an der Atert?

D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas weisen d’Ëmweltministesch dorop hin, datt an der Atert nach Bamstämm leien, déi eng Gefor fir d’SEBES-Bréck duerstellen. Si froen d’Ministesch dofir wat gemaach gëtt fir dës Gefor ze behiewen an ob et nach aner Plaze laanscht d’Atert ginn, wou ëmgefalle Beem zu Stau-Situatiounen am Fall vun Héichwaasser kéinte féieren?

„An der Atert leien de Moment, nom Héichwaasser vu Mëtt Juli 2021, Bamstämm, déi bei engem neien Héichwaasser d’SEBES-Bréck tëschent Iewerleng an Useldeng blockéiere kënnen.

Iert d’Atert dann iwwert den Damm vun der SEBES-Bréck fléisst, géif se fir d’éischt bis zu dräi Meter héich an der Haaptstrooss vun Iewerleng stoen, wat et mat alle Mëttel ze verhënnere gëllt, wéinst dem grousse Schued, deen da géif entstoen.

Well d’SEBES-Bréck jo awer net als Staumauer gebaut ginn ass, ass d’Gefor grouss, datt se vum Waasser ewech gedréckt gëtt, an domat Drénkwaasserleitung tëschent Esch-Sauer an dem Rescht vum Land ënnerbrach wier.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ass d’Madamm Minister vum Waasserwirtschaftsamt iwwer dës präzis Problematik informéiert ginn? Wa jo, wat fir Aarbechte musse genee duerchgefouert gi fir dës Gefor ze behiewen a bis wéini kann dat de Fall sinn?
  • Ass d’Madamm Minister och nach iwwer aner Plaze laanscht d’Atert a Kenntnis gesat ginn, wou ëmgefalle Beem zu Stau-Situatiounen am Fall vun Héichwaasser kéinte féieren?“

Äntwert

  1. Ass d’Madamm Minister vum Waasserwirtschaftsamt iwwer dës präzis Problematik informéiert ginn? Wa jo, wat fir Aarbechte musse genee duerchgefouert gi fir dës Gefor ze behiewen a bis wéini kann dat de Fall sinn?

No den Iwwerschwëmmungen vu Mëtt Juli, stung d’Waasserverweltung am enken Kontakt mat de Gemengen an huet vill Baachen kontrolléiert fir sécher ze stellen dat keng zousätzlech Schied géifen entstoen. De Service Projets et entretien vun der Waasserverwaltung huet ausserdeem vill urgent Interventiounen duerchgefouert fir ugeschwëmmten Material aus de Baachen eraus ze huelen fir de gudden Duerchfloss vum Gewässer nees ze erméiglechen.

D’Waasserverwaltung ass nom Héichwaasser vu Mëtt Juli net iwwert dës präzis Problematik informéiert ginn. No enger rezenter Visitt vun der Atert uewerhalb vun der SEBES-Bréck huet d’Waasserverwaltung festgestallt dass effektiv op zwou Platzen e puer Beem an d’Baach gefall sinn déi eng eventuell Gefor kéinten duerstellen wann si an engem Héichwaasserfall géifen fortgeschwemmt ginn. Déi Beem kënnen mat Hëllef vun Trakteren resp. aneren Maschinnen aus der Baach erausgezunn ginn. D’Waasserverwaltung wäert dës Aarbechten an der Woch vum 20 September duerchféieren.   

  • Ass d’Madamm Minister och nach iwwer aner Plaze laanscht d’Atert a Kenntnis gesat ginn, wou ëmgefalle Beem zu Stau-Situatiounen am Fall vun Héichwaasser kéinte féieren?

Ausser op enger Platz an der Gemeng Bissen ass d’Waasserverwaltung net iwwer aner Plazen laanscht d’Atert a Kenntnis gesat ginn wou emgefalen Beem zu Stau-Situatiounen am Fall vun Héichwaasser kéinte féieren. Allgemeng fiert d’Waasserverwaltung d’Baachen reegelméisseg of fir ze kontrolléieren wou Beem oder aner Obstruktiounen sinn déi eng Gefor am Fall vun Héichwaasser kéinten duerstellen, esou och nom Héichwaasser am Juli. Et ass allerdéngs net méiglech fir all Platz ze erkennen. Dat hänkt och mat der Accessibilitéit vun den jeeweilegen Deeler vun de Baachen an den Terrain’en of. Dofir ass et wichteg dass extern Acteuren sech bei der Waasserverwaltung mellen falls hinnen esou Situatiounen opfalen. Déi zoustänneg Servicer vun der Waasserverwaltung kënnen dann op der Platz d’Situatioun ofschätzen an eventuell noutwendeg Aarbechten koordinéieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...