FutureLab – Workshop a Coaching

Workshop Logement

De Mangel u bezuelbarem Wunnraum zu Lëtzebuerg ass zanter ville Joren eng grouss Erausfuerderung. Wéi kënne mir méi Terrain mobiliséieren? Wéi eng Prozedure mussen acceleréiert ginn? Wéi gesäit et mat steierleche Mesuren aus? 

Iwwer dës an aner Stellschrauwe hu mir am Kader vun engem Brainstorm-Workshop zum Thema Logement geschwat.

Coaching “Sozial Medien als Politiker

Sozial Medie sinn haut e feste Bestanddeel vun der politescher Kommunikatioun. Mä, wéi eng sozial Medie ginn et iwwerhaapt? Wéi eng Plattformen eegene sech fir mech? Wat a wéi dacks soll een eppes posten?

An dësem Coaching si mir an d’Welt vu Facebook&Co. agedaucht an hunn diskutéiert, op wat et wierklech ukënnt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...