„An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro vum 18. November 2021 huet de Landwirtschaftsminister confirméiert, datt ënner den aktuelle Konditiounen eng käschtendeckend Produktioun am Schwéngssecteur zu Lëtzebuerg net méiglech ass, et sief dann d’Reserven aus de konjunkturell staarke Jore géifen esou eng laang Iwwerbréckung erlaben. Hien huet och präziséiert, datt enger Ëmfro no, ganz vill Betribsleeder am Schwéngssecteur drun denken, opzehalen. Vun den 33 befrote Betriber géifen der 12 (36%) d’Schwéngsproduktioun an de nächste Joren net weiderféieren.
Fir aner Betriber gëtt en keen anere Choix wéi weiderzefueren, well hir Investitioune mussen ofgeschriwwe ginn. Leider huet d‘Situatioun am Schwéngssecteur sech nach ëmmer net gebessert an d’Bäihëllefe fir d’Existenzsécherung vun Enn 2020/Ufank 2021 si schonn erëm verbraucht.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:
- Kéint de Minister sech weider Krisenhëllefe fir déi Betriber virstellen, déi keng Alternativ hu wéi mat der Schwéngsproduktioun weiderzefueren? Wa jo, wéi kéinten dës Hëllefen ausgesinn?
- Fir wat wéi eng Zwecker dierf e Schwéngsziichter, deen aus ekonomesche Grënn muss ophalen, seng Gebaier , déi an enger Gréngzone leien an Zukunft nach benotzen? Dierf een zum Beispill e Schwéngsstall an ee Päerdsstall ëmfonctionéieren?
- Kéint d’Madamm Ministesch sech an deem Kader eng allegéiert Prozedur fir eng Ëmnotzung vun de Schwéngsbetriber, déi an enger Gréngzone leien, virstellen?“