Froen zum neie P&R zu Steeën

No der rezenter Annonce, dass zu Steeën en neie P&R soll gebaut ginn, huet den DP-Deputéierten André Bauler weider Detailer zu dësem Projet gefrot.

„Aus der Press si mer gewuer ginn, datt den Transportministère zesumme mat dem Lycée technique agricole (LTA) an der Gemeng Ärenzdall eng Léisung fir ee P+R um “Bloen Eck” bei Steeën ausgeschafft huet. Dat ass eng gutt Saach. D’Ëffentlechkeet ass och driwwer informéiert ginn, datt d’Gemeng Ärenzdall d’Zoustëmmung ginn huet, fir bei hirem Footballterrain en neien Arrêt ze amenagéieren.

Dësen Arrêt wäert vun der Schülerlinn K17 (Mersch – Larochette – Gilsdorf), déi d’Schüler direkt beim Lycée erausléisst, ugefuer ginn. Zousätzlech dozou géif eng Informatiounscampagne vun der Administration des transports publics an der Akerbauschoul lancéiert ginn, déi d’Schüler iwwer dës nei Opportunitéit opklärt esou wéi iwwert aner Parkméiglechkeeten, déi eng direkt Ubannung un de LTA erméiglechen.

An deem Kontext wëll ech dem Här Mobilitéitsminister folgend Froe stellen:

  • Wéi dacks pendelt d’Linn K17 Moies an no Schoulschluss tëscht dem neien Arrêt um Bloen Eck an der Akerbauschoul hin an hir? Wéi vill Parkplaze stinn de Schüler um Bloen Eck zur Verfügung? Huet dëse Bus genuch Kapazitéite fir d’Schüler, déi aus dem Zentrum an Oste vum Land an de LTA kommen, en charge ze huelen?
  • Géif een zousätzleche Pendeldéngscht agesat ginn, wann d’Zuel vun de Schüler, déi um Parking Bloen Eck halen, iwwer d’Kapazitéit vum Bus erausgeet?
  • Wéi gedenkt den Här Minister d’Schüler, déi aus den NordKantonen an de LTA kommen an déi op den Auto ugewise sinn respektiv net kënnen op de P+R Bloen Eck zréckgräifen, well dat en Ëmwee ass, entgéintzekommen? Goufen et do scho Gespréicher mat der Stad Dikrich fir eng Léisung ze fannen?
  • Ass d’Schülervertriedung vum LTA an d’Echangen iwwer d’Transportproblematik mat agebonne ginn?
  • Gëtt et schonn een Avant-projet fir dat neit Parkhaus, dat als Opfangparking fir Dikrech an Ëmgéigend, bei der Schwämm gebaut soll ginn?“

Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n° 7150 vum 10. November 2022 vum Här Deputéierten André Bauler.

Wéi dacks pendelt d’Linn K17 Moies an no Schoulschluss tëscht dem neien Arrêt um Bloen Eck an der Akerbauschoul hin an hir?

D’Linn fiert nom aktuellen Fuerplang. Dat sinn zwee “Aller” mueres, an 7 “Retour” Mëttes tëschend 12:00 an 17:00. D’Horairen heizou fënnt een iwwert de Site “Mobilitéit.lu”.

Wéi vill Parkplaze stinn de Schüler um Bloen Eck zur Verfügung?

De Schüler stinn 85 Stellplaze um Parking P+R Bloen Eck zur Verfügung.

Huet dëse Bus genuch Kapazitéite fir d’Schüler, déi aus dem Zentrum an Oste vum Land an de LTA kommen, en charge ze huelen?

Jo. D’Buskategorie gëtt jee no Besoin ugepasst.

Géif een zousätzleche Pendeldéngscht agesat ginn, wann d’Zuel vun de Schüler, déi um Parking Bloen Eck halen, iwwer d’Kapazitéit vum Bus erausgeet?

Jo. Eng Zousaazfahrt ka jee no Besoin organiséiert ginn.

Wéi gedenkt den Här Minister d’Schüler, déi aus den Nord-Kantonen an de LTA kommen an déi op den Auto ugewise sinn respektiv net kënnen op de P+R Bloen Eck zréckgräifen, well dat en Ëmwee ass, entgéintzekommen? Goufen et do scho Gespréicher mat der Stad Dikrich fir eng Léisung ze fannen?

Den P+R Bloen Eck befënnt sech 4,5 km vum Site vum LTA ewäsch. D‘Schüler aus den Nord-Kantonen, déi op den Auto ugewise sinn, hu vun der Ackerbauschoul also knapp 3 Minutten weider ze fueren fir op de P+R, wat keen wesentlechen Ëmwee duerstellt. Den P+R Bloen Eck kann esou vun alle Schüler, déi op den Auto ugewise sinn an aus verschiddenste Richtunge kommen, ouni gréisseren Ëmwee ugefuer ginn.

Ass d’Schülervertriedung vum LTA an d’Echangen iwwer d’Transportproblematik mat agebonne ginn?

D’Diskussiounen iwwer d’Transportproblematik sinn haaptsächlech mat der Direktioun vun der Akerbauschoul oofgehalen ginn.

Gëtt et schonn een Avant-projet fir dat neit Parkhaus, dat als Opfangparking fir Dikrech an Ëmgéigend, bei der Schwämm gebaut soll ginn?

Den Ament gëtt et nach keen Avant-projet fir dat neit Parkhaus.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...