A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel déi sozial-liberal Richtung vun der Regierung mat weideren Hëllefen am soziale Beräich ënnerstrach.
Dat betrëfft ënnert anerem:
- Erhéijung vun der Allocation de vie chère
- Gratis Iessen an der Kantin fir Famillje mat klengem a mëttlerem Revenu
- Reindexéierung vum Kannergeld
- Gratis Hausaufgabenhëllef
- Gratis Maison Relais an de Schoulwochen
- Gratis Museksunterrecht
- Reform vun de Logementsaiden
- …