Finanzplaz: Innovativ, transparent an international konkurrenzfäeg
D’Lëtzebuerger Finanzplaz ass d’Basis vun eiser Wirtschaft an dréit mat senge 60.000 Aarbechtsplazen en entscheedende Bäitrag zu eisem Bruttoinlandsprodukt bäi. D’DP bekennt sech ausdrécklech zu enger staarker, gut reguléierter a international konkurrenzfäeger Finanzplaz. Mir wäerten eis Gesetzer an deem Kontext séier, zukunftsorientéiert an transparent weiderentwéckelen.
Zanter 2013 huet den DP-geféierte Finanzministère mat Succès dorunner geschafft, fir datt de Lëtzebuerger Finanzsekter den internationale Standarden a puncto Transparenz a Lutte géint d’Steierhannerzéiung entsprécht.
Weider huet d’DP déi lescht Jore wichteg Mesuren ëmgesat, fir d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg auszebauen. Dozou zielen net nëmmen d’Aféiere vu wichtegen Instrumenter fir Talenter unzezéien (ewéi de Régime d’impatrié an d’Prime participative), ma och eng héichwäerteg, ëffentlech an international Bildungsoffer, Sachleeschtungen zu Gonschte vun de Familljen an eng Abberzuel u Kultur- a Fräizäitofferen.
D’DP wäert sech och weider fir d’Stäerkung vun der Finanzplaz asetzen, besonnesch am Hibléck op d’talent attraction, technologesch Innovatiounen an d’Diversificatioun vum Finanzsekter. D’Positionéierung vu Lëtzebuerg als Virreider am Beräich vun den attraktive Fongen huet sech als reegelrecht Success story erweisen. Iwwerdeems ass de gesetzleche Kader duerch d’Aféiere vun dräi Blockchain-Gesetzer konsequent moderniséiert ginn. Mir si bereet, fir d’Chancë vun der digitaler Transformatioun ze notzen an de Finanzsekter zu Lëtzebuerg fit fir d’Zukunft ze maachen.
Nom Verschwanne vun der Stolindustrie huet de Finanz- an Assurance-Sekter séier u Bedeitung gewonnen an präägt bis haut eis Wirtschaft. Dat läit zum groussen Deel un der Reaktivitéit vun der Finanzplaz. Als First mover ass Lëtzebuerg capabel, fir laafend nei Investitiounen unzezéien. Et ass entscheedend, eis Gesetzgebung laafend unzepassen, fir och an Zukunft e Finanzzenter op héchstem Niveau ze bleiwen.
D’Diversitéit vun der Lëtzebuerger Wirtschaft – a besonnesch vun der Finanzplaz – ass een zentraalt Uleies vun der DP. Mir setzen op d’Entwécklung vun ëmweltfrëndlechen, nohaltegen a sozial responsabele Finanzproduiten an op de Fintech-Beräich. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt do d’Zukunft vun der Finanzwirtschaft läit. Andeem mir eis op nohalteg an innovativ Finanzléisunge konzentréieren, schafe mir net nëmme Chancë fir d’Entreprisen, ma mir droen doduerch och zum Ëmweltschutz an zum soziale Fridde bäi.
D’DP wäert d’Lëtzebuerger Fongenindustrie weider fërderen. Si steet an direkter Konkurrenz zum Ausland a kämpft permanent ëm Parts de marché. Fir weider géintiwwer anere Finanzplazen u Wettbewerbsfäegkeet ze gewannen, setzt d’DP sech fir e stablen a moderne rechtleche Kader an.
D’Finanzplaz Lëtzebuerg soll internationalen Entreprisen ideal Konditioune fir den Accès zum europäesche Maart bidden. Och déi international Vernetzung vun eiser Finanzplaz mam Ausland muss weider verstäerkt ginn. Mir wëllen den Echange mat wichtegen, globale Partner intensivéieren an d’Finanzplaz als attraktive Standuert positionéieren.
Eng séier Ëmsetzung vun europäeschen Direktiven a Reglementer a vun internationalen Ofkommes dréit zur Stabilitéit an zur Planungssécherheet vun der Finanzplaz bäi. D’EU-Direktive solle méiglechst nom Prinzip Toute la directive et rien que la directive ëmgesat ginn.
D’DP wëll, datt Lëtzebuerg sech aktiv un der Gestaltung vun den europäesche Reegele fir de Finanzberäich bedeelegt. Nëmmen esou ka garantéiert ginn, datt de Specificitéite vun eiser Finanzplaz Rechnung gedroe gëtt. Dofir fuerdert d’DP, datt Lëtzebuerg nach besser duerch zousätzlech Fonctionnairen an de jeeweilegen EU-Institutioune vertrueden ass.
D’Regierung beméit sech ëm eng effikass Kontroll vum Sekter duerch d’CSSF (Commission de surveillance du secteur financier) an duerch de CAA (Commissariat aux Assurances). Si suerge fir Stabilitéit an eng gerecht Applikatioun vun de Reegelen, ma och fir dat néidegt Vertrauen. An deem Sënn schwätzt d’DP sech fir d’Bäibehale vun der Kontroll am Pays d’origine aus. D’DP ass konkret géint d’Aushiewele vun den nationale Kontrollinstanzen a géint d’Verlagerung vun hire Kompetenzen an d’Ausland.
Eis Finanzplaz muss an Zukunft innovativ bleiwen. Nei Finanztechnologië sinn eng Chance fir Lëtzebuerg. D’DP huet schonn an der Vergaangenheet bei den alternative Fongen, bei der Sustainable Finance a bei der Blockchain-Technologie wichteg Referenze gesat. Mir wäerten déi Entwécklunge weider proaktiv begleeden an de rechtleche Kader ausbauen a reegelméisseg upassen. Dozou gehéieren och d’Entwécklungen an de Beräicher Tokenization a Cloud Banking. Och d’Introductioun vum digitalen Euro gesäit d’DP als villverspriechend un. Fir d’Regulatioun vun neie Finanz-Server a -Produite gutt ze koordinéieren, soll den Haut comité de la place financière weider gestäerkt ginn.
D’DP wäert dofir suergen, datt nei Finanzprestatairen mussen déi nämmlecht Leeschtungen ubidden ewéi déi klassesch Finanzprestatairen an och déi gläich Konditiounen erfëlle mussen.
D’Blockchain-Technologie bitt vill Méiglechkeeten an huet zanter Joren eng fest Plaz am Finanzwiesen. Vill Geschäftsmodeller baséieren op der Blockchain-Technologie, déi et méiglech mécht, fir enorm Massen un Date séier a sécher ze verschaffen. Mat de Blockchain-Gesetzer I, II an III huet d’DP an de leschte Joren de rechtleche Kader dofir geschaf. Mir wäerten d’Entwécklung vun der Blockchain-Technologie am A behalen; besonnesch fir d’Investisseuren ze schützen.
Lëtzebuerg steet wéinst sengen zukunftsorientéierten Investitiounen un der Spëtzt an de Beräicher vun der Digitaliséierung a vun der Vernetzung. Dëst sollen ausgebaut an ënnerstëtzt ginn. Een Deel vum eise ekonomeschem Sanduert sinn eis state of the art-Rechenzentren, déi ënnert anerem vun de Lëtzebuerger Finanz-Prestataire genotzt ginn, fir sensibel Daten ze sécheren a lokal ze späicheren. Den ICT-Standuert Lëtzebuerg soll gestäerkt a weider ausgebaut ginn.
An deem Kontext wäert d’DP d’Digitaliséierung vu grondleeënden, ëffentleche Servicer weider fërderen an d’Entreprisen an d’Biergerinnen an d’Bierger bei der Digitaliséierung ënnerstëtzen.
De Finanzsekter baséiert op séieren a sécheren Transaktiounen. Attacke vu Kriminellen a vun Drëtt-Staate stellen e reelle Sécherheetsproblem duer, well si kënne grousse Schued uriichten. Dofir wëll d’DP d’Cyber-Sécherheet verstäerken.
Cf. Kapital Digitaliséierung a Medien
Ënnert dem Impuls vum DP-geféierte Finanzministère huet sech Lëtzebuerg zum Virreider am Beräich vun den nohaltege Finanzen entwéckelt. Mam Luxembourg Green Exchange (LGX) ass déi éischt global Plattform geschafe ginn, déi ëmweltgerechten, sozial responsabelen an nohaltege Wäertpabeier dediéiert ass. D’DP wäert een nohaltegt Finanzwiesen (Sustainable Finance) weider stäerken.
D’DP wäert geziilt steierleich Ureizer schafen, fir d’Energietransitioun z’acceleréieren. Ëffentlech-privat Partnerschafte sinn absolut néideg, fir datt déi nohalteg Transitioun reusséiert. Innovativ Finanzéierungsmodeller, wéi z.B. Blended Finance an Impact Investing solle weider gefërdert ginn.
Fossil Brennstoffer an Atomkraaft si laangfristeg keng Alternativ zu den erneierbaren Energien. Dofir setzt d’DP sech dofir an, datt fossil europäesch Energieträger an Atomkraaftwierker am Kader vun der EU-Taxonomie net méi als nohalteg agestuuft ginn.
Cf. Kapitel Steierpolitik
Fir déi nohalteg Transitioun ze finanzéieren, wäert d’DP de Klimafong weider ausbauen, mat deem Investitioune an der Lutte géint de Klimawandel an den Entwécklungslänner finanzéiert ginn.
Ënnert dem Lead vun der DP huet Lëtzebuerg d’Gender Finance applizéiert, fir strukturell Ongläichheeten tëschent de Geschlechter ze bekämpfen. Esou sollen den Zougang zu Finanzservicer an déi wirtschaftlech Participatioun vun de Fraë verbessert ginn. D’DP wäert esou Projete weider ënnerstëtzen.
Cf. Kapital Steierpolitik
D’DP ënnerstëtzt d’Schafe vun enger gemeinsamer, ëffentlech-rechtlecher Mutualiséierungs-Plattform fir Compliance. Esou wäerten de bedeelegten Acteuren déi noutwendeg Mëttel zur Verfügung gestallt ginn, fir déi verschidde Compliance-Konditioune méi séier a méi effikass z’erfëllen.
D’DP wäert d’Astellungspolitik vun der Regierung weiderféieren an d’Personal vun den Opsiichts- a vun de Finanzverwaltunge weider opstocken, fir esou de wuessenden Aufgaben, dem automateschen Informatiounsaustausch an engem schëtzegen Traitement vun den Dossiere gerecht ze ginn. Zousätzlech soll verstäerkt op d’Digitaliséierung an op kënschtlech Intelligenz zeréckgegraff ginn, fir d’Beaarbechtegungsfriste weider ofzebauen.
Duerch d’Opstocke vum Personal vun de Finanzverwaltunge wäert den Dialog tëschent den Administratiounen an de Steierzueler gefërdert ginn. Esou kënne Mëssverständnisser evitéiert a Sachverhalter méi séier verschafft ginn. Weider wäert d’DP préiwen, a wéiwäit duerch d’Zesummeleeë vun den dräi Steierverwaltungen d’Ressource kënnen – am Sënn vun de Steierzueler – méi effikass ëmgesat an d’Prozesser optimiséiert ginn.
D’DP setzt sech dofir an, fir d’Wëssen iwwert d’Finanzen an der ganzer Populatioun ze stäerken. An de Grondschoulen an am Secondaire soll de Schüler grondleeënd Wëssen iwwer d’Finanze vermëttelt ginn. De Geescht vum Entrepreneuriat soll duerch praktesch Experienze gefërdert ginn. Doriwwer eraus solle spezialiséiert Héichschoul-Ofschlëss am Finanzberäich ugebuede ginn, fir der Bedeitung vun der Finanzplaz Lëtzebuerg gerecht ze ginn.
Ënnert der Féierung vun der DP huet Lëtzebuerg am Beräich vun der juristescher Poursuite vu Wirtschafts- a Finanzkriminalitéit – besonnesch bei der Geldwäsch – vill erreecht; zum Beispill duerch d’Schafe vun der Cellule de renseignement financier (CRF). Wéinst der Wichtegkeet vun dësen Efforte fir déi international Reputatioun vum Land, wäerte mir nach méi Efforte maachen, fir d’Police an d’Justiz mat den noutwendege Mëttel z’equipéieren, fir d’Finanz-Gesetzer konsequent applizéieren ze kënnen. Esou wäerte mir d’Aféiere vu spezialiséierte Riichter an d’Schafe vun engem Parquet a vun engem Tribunal correctionnel fir Finanz-Delikter préiwen.