Fro
„Ech si gewuer ginn, datt eng industriell Firma, déi am Beräich vun der Fabrikatioun vu prefabrizéierte metallesche Gebaier spezialiséiert ass, hir Produktioun zu Dikrich soll zoumaachen.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister an un den Här Aarbechtsminister riichten :
- Kann den Här Wirtschaftsminister mech am Detail driwwer informéieren, ob hie schonn iwwer dës Decisioun vum Management vun där Firma a Kenntnis gesat ginn ass? Wa jo, wat sinn d’Ursaache fir dës méiglech Fermeture a wat hunn d’Gespréicher erginn ?
- Weess den Här Aarbechtsminister wéi vill Aarbechtsplazen hei um Spill stinn? Ass schonn eng Demande fir d'”aide au réemploi” ugefrot ginn ?
Wäert den Här Wirtschaftsminister, zesumme mat de Verantwortleche vun dëser Firma, versichen, fir den Know-How vun dësem Betrib, deen iwwer 60 Joer hei zu Lëtzebuerg installéiert ass, an déi domat verbonnen Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg ze halen ?”