Léif Jonk Demokraten a Frënn vun der JDL,
mir invitéieren iech ganz häerzlech op eis BBQ End of Summer Party. Dës fënnt den 28. September ab 19h00 zu Bartreng am Duerfgaart statt.
Umelle kënnt dir iech andeems dir 25€ op follgende Kont iwwerweist: IBAN LU69 0099 7800 0093 8977 (CCRALULL). Am Präis mat abegraff sinn de BBQ mat Zalot an Dessert esou wéi ee Gedrénks. Et gëtt och eng vegetaresch Optioun, dofir schreift bei der Iwwerweisung wgl. dobäi wéi ee Menü dir gären hätt.
Wann dir soss Froen hutt, schreift eis einfach op sekretariat@jonkdemokraten.lu.
Mir freeën eis drop mat iech kënnen ze feieren!