AGO DP Norden
Date
- 10 Mar 2025
- Expired!
Time
- 19:00 - 21:00
Léiwe Member,
Nom Succès vun de leschte Joren invitéieren mir Dech ganz häerzlech, an Zesummenaarbecht mat der Sektioun Rammerich, op déi 4. „Assemblée générale conjointe“ vun de Sektiounen aus dem Norden, déi de Méindeg, 10. Mäerz 2025 um 19:30 Auer zu Bungeref am Centre culturel (Rue Principale, L-8814 Bigonville) stattfënnt.
Ewéi déi lescht Joren besteet d’Iddi doranner déi jeeweileg Assemblée générale vun de verschiddene Sektiounen aus dem Norden an engem Owend op enger Plaz zäitgläich ofzehalen.
Wichteg: All Sektioun hält seng “Assemblée generale” simultan a net noeneen an ca. 30 Minutten op separaten Dëscher of. D’Kandidature fir déi eenzel Comitéen an d’Mandat vum President vun der Sektioun si bis den 9. Mäerz 2025 per Email un secretariat@dp.lu ze schécken.
Ordre du jour :
- Begréissung vum President vun der Sektioun Rammerich Romain RAUSCH a vum Bezierkspresident Mike POIRÉ
- Assemblées générales vun de Nord-Sektiounen
- Begréissung vum President
- Aktivitéitsrapport vum Sekretär
- Rapport vum Tresorier
- Rapport vun de Keeserevisoren
- Statutaresch Walen
- Messagen vun den Invitéen
- Divers
- Message vum JDL-Norden President Michel GOETHALS
- Aktualitéit aus der Chamber mat den Deputéierten André BAULER a Fernand ETGEN
- Aktualitéit aus dem Europaparlament mam Europadeputéierten Charles GOERENS
- Message vum Kulturminister an delegéierte Minister fir Tourismus Eric THILL
- Schlusswuert vum Bezierkspresident Mike POIRÉ
Nom Ofschloss invitéiert de Regionalcomité an déi lokal Sektioun op e klenge Patt.
Mir freeën eis. Schéi Gréiss.
Fir de Comité,
Mike POIRÉ Angèle MERSCH
Bezierkspresident Bezierkssekretärin