DP-STAD Treff 2025
Location
Date
- 19 Mar 2025
- Expired!
Time
- 18:30 - 21:00
INVITATIOUN DP Stad Treff 2025
Léif Stater Parteifrënn,
Heimatter sidd Dir häerzlech invitéiert fir um DP STAD-Treff deelzehuelen. Dës Versammlung soll all déi engagéiert Stater Memberen zesummebréngen an bei dëser Geleeënheet d’Zesummenaarbecht an den Informatiounsfloss an de Stater Sektioune weider stäerken.
D’Stater Sektiounen halen bei dëser Geleeënheet hir jeweileg Haaptversammlung of an dat am Centre Culturel Bouneweg 2, rue des Ardennes.
Ordre du jour:
18.30 Auer Haaptversammlunge vun all de verschiddene Sektiounen aus der Stad
19.30 Auer kuerz Paus
19.45 Auer Stater DP-Treff
- Aleedung vun der Stater Buergermeeschtesch, der Madame Lydie Polfer
- Rapport vum Coordinateur vun der DP Stad, Här Robert Philippart
- Virstellung vun de verschiddenen Sektiounen
- Message vun der JDL
- Message vum Comité International
- Zesummesetzung vun der DP-Stad *
- Message vum President vum Zentrum, dem Här Max Stoffel
- Fräi Aussprooch
Merci fir Äert Interessi.
Liberal Gréiss
Fir d’DP-Stad
Max Stoffel Robert Philippart
Sekretär Koordinateur
* All Sektioun souwéi d’JDL-Stad a Comité International sollen 2 Membere bestëmmen, déi hier Sektiounen am Koordinatiounscomité vertrieden. Dës Propositiounen si bis den 18.02.2025 un de Max Stoffel (mstoffel@dp.lu) ze schécken. All Member vum Stater Scheffen- a Gemengerot ass d’Office Member vun dësem Gremium. Dëse Grupp bestëmmt e Koordinateur an e Sekretär.