Afterwork mam Claude Meisch a mam Mandy Minella
Location
Date
- 22 Apr 2025
Time
- 19:00 - 21:00
Léif Gemengevertrieder vun der DP,
Léif Kandidate vun de Gemengewalen 2023,
Léif Membere vum Comité directeur,
Mir kënnen iech endlech op eisen nächsten Afterwork invitéieren.
D’Mandy Minella an de Claude Meisch schwätzen iwwer d’Beweegung, de Sport an eng gesond Screen-Life Balance an, an ausserhalb vun der Schoul.
Den Afterwork ass en Dënschdeg, den 22. Abrëll um 19 Auer am “Indies” an der Stad.
An engem flotte Kader erkläeren eis zwee Invitéën wéieng Roll d’Gemengen bei enger aktiver a gesonder Offer fir ausserschoulesch Aktivitéite kënne spillen.
Wann dir wëllt gewuer ginn, wat är Gemeng kann a soll ënnerhuelen, mellt iech wgl. ënnert dësem Link fir de Workshop un.