Question
„Virun iwwer zeng Joer ass d’Adem via Gesetz reforméiert ginn. Aus der “Administration de l’Emploi” ass deemools eng Agence ginn, d’”Agence pour le développement de l’Emploi”.
An deem Kontext wollt ech dem Här Aarbechtsminister follgend Froe stellen:
- Ass schonn eng Evaluatioun vun dëser Reform duerchgefouert ginn? Wa jo, wat sinn d’Conclusiounen aus dëser Analys? Wann nee, wéini kéint esou eng Evaluatioun an d’Weeër geleet ginn?
- Wéi huet sech d’Zuel vun den Agenten, déi bei der Adem schaffen, zanter der Reform entwéckelt? Wéi eng verschidde Beruffsprofiller gëtt et bei der Agence? Wéi vill sinn der am Statut vum Staatsbeamten an dem “Employé public” engagéiert?
- Wéi vill “Demandeurs d’emploi” sinn aktuell an de Weiderbildunge vun der Adem ageschriwwen – speziell am Programm « Fit for digital »?“