„Am September gouf et Diskussiounen an Opreegung ronderëm d’Buslinn K45, déi d’Schülerinnen a Schüler aus der Regioun ëm Heischent iwwer Kehmen, Buerschent a Bierden op Dikrich an d’Lycéeë féiert. Deemools ass de Bus um Schoulufank net direkt gefuer, gouf awer e puer Deeg méi spéit nees fuere gelooss.
Mir ass elo vun Eltere matgedeelt ginn, datt dës Buslinn bei der kommender Rentrée nees a Fro gestallt kéint ginn, obwuel de Bus ganz gutt ausgelaascht ass.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Ginn et momentan Kontrolle mat Hëllef vun deenen erausfonnt soll ginn, ob bestoend Buslinne fir de Schülertransport bäibehalen oder ofgeschaaft solle ginn?
- Wat fir Buslinnen am Kanton Dikrich si schonn op de Leescht geholl ginn a wat fir eng riskéieren ofgeschaaft ze ginn?
- Gëtt d’Buslinn K45 vum Mobilitéitsministère aktuell a Fro gestallt? Soll se eventuell ab der Rentrée ofgeschaaft ginn, obwuel se am Schouljoer 2022/23 gutt genotzt gëtt?“