Enregistrementskäschten am Fall vun enger Trennung

Wann ee Partner dem aneren seng 50% vum gemeinsam kaaften Logement ofkeeft, muss dësen erëm Enregistrement Käschten op dës Quote-Part bezuelen. Eis Deputéiert Corinne Cahen huet nogefrot op virgesinn ass dës finanziell Belaaschtung ze reduzéieren.

„Wann eng Koppel zesummen ee Logement keeft, ënnerläit dës Transaktioun normalerweis Enregistrementskäschten vun 7%, aktuell reduzéiert op 3,5% bis Enn Juni 2025. Am Fall vun enger Trennung, wou ee Partner dem aneren seng 50% vum Logement ofkeeft, muss den Acquéreur erëm Enregistrement op dës Quote-Part bezuelen.

An deem Kader wollt ech dem Här Finanzminister follgend Fro stellen:

  • Ass de Minister gewëllt an dësem Fall eng Ausnam oder eng Erliichterung virzegesinn, fir d’finanziell Belaaschtung vun de betraffene Persounen ze reduzéieren, déi sech dacks schonn an enger schwéierer finanzieller Situatioun befannen?“

Äntwert

Et sief virweg drun erënnert, dass de sougenannten „Bëllegen Akt“ fir Haaptwunnzwecker zanter dem 1. Januar 2024 an nach bis den 30. Juni 2025 vun 30.000 Euro op 40.000 Euro pro Persoun an d’Luucht gesat ginn ass. 

Zanter dem 1. Oktober 2024 an nach bis den 30. Juni 2025 ass och d’Steierbasis fir d’Berechnung vun den Enregistrementskäschten ëm d’Hallschent gekierzt ginn. 

Dës Steieravantagë gëllen och fir déi vun der éierbarer Deputéiert beschriwwe Fäll, insofern déi jeeweileg Persoun net schonn hire Steierkredit vollëmfänglech opgebraucht huet. 

Et si fir de Moment keng weider Ännerungen um Niveau vun den Enregistrementskäschten an Ausaarbechtung. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...