Ënnerdréckung vun de Medien am Burkina Faso

Am Juni 2019 ass am Burkina Faso d’Strofrecht esou geännert ginn, dass eng objektiv Berichterstattung an de Noriichten net méi méiglech ass. Säitdeem erlieft d’Press ëmmer méi Géigewier an ass dem Drock a strofrechtleche Suitte vun den Autoritéiten ëmmer méi ausgesat. Wéi steet Lëtzebuerg dozou a wat fir Implicatiounen huet dëst op d’Lëtzebuerger Kooperatioun an dem Gebitt. Den Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

« Avant sa décriminalisation en 2015, l’application de la loi sur la diffamation criminelle a opprimé largement la liberté d’expression au Burkina Faso. Depuis, et grâce à son paysage médiatique dynamique et diversifié, le Burkina Faso est considéré représenter une histoire de succès en matière de liberté de la presse selon l’ONG ‘Reporters sans frontières’ (RSF).

Néanmoins, les journalistes et militants continuent de faire face à une pression accrue. En juin 2019, l’Assemblé nationale a voté une modification du code pénal, destinée à lutter contre les publications qui pourraient « démoraliser ou saper l’efficacité » de l’armée. Le rapport critique ou objectif sur le combat de l’armée contre le terrorisme peut désormais mener à de graves sanctions. Cet amendement permet ainsi aux autorités d’exercer un contrôle sur les publications et impose de sérieuses restrictions à la liberté d’informer.

En 2020, six attaques ou intimidations contre des journalistes ont été constatées par l’Association des journalistes du Burkina (AJB). Au nord et à l’est du pays, des zones entièrement isolées et inaccessibles aux journalistes, empêchent complètement le flux d’informations de sorte que plus aucune nouvelle puisse traverser à l’extérieur.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire:

  • Est-ce que Monsieur le Ministre est au courant de la situation des journalistes au Burkina Faso ?
  • Est-ce que les conditions de travail des médias locales ont un impact sur la politique de coopération du Luxembourg au Burkina Faso et dans d’autres pays où la presse rencontre des problèmes semblables ?
  • Dans l’affirmative, quelles sont les conséquences pour l’activité de coopération du Luxembourg dans ces pays ?
  • Quels moyens le Ministère de la Coopération et de l’Action humanitaire peut-il se donner pour lutter contre l’influence des autorités étrangères sur la couverture médiatique de leur pays et améliorer la situation des journalistes dans les régions ‘média-phobes’ sans pour autant impacter la population en besoin des aides apportées ? »

Äntwert

De Minister schreift a senger Äntwert, dass de Respekt vun de Mënscherechter eng vun den absolutte Prioritéiten an der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik duerstellt. Sou huet Lëtzebuerg seng Solidaritéit par Rapport zur Bevëlkerung vum Burkina Faso, am Kader vun enger Sécherheetslag déi sech ëmmer méi verschlechtert, op en Neits ënnerstrach. Wat d’Verschäerfe vum Strofrecht vun 2019 betrëfft, sou wier dëst an der Commission de partenariat thematiséiert ginn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt des Weideren och déi lokal Zivilgesellschaft duerch Lëtzebuerger ONGen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...

Potenzial an der Rüstungsindustrie

Duerch déi geopolitesch Situatioun sinn d’Investitiounen an d’Verdeedegung zu enger vun den Haaptprioritéit ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot op scho verschidden national Betriber an der Rüstungsindustrie aktiv sinn a wou et Potenzial gëtt.

weiderliesen...

Optimisatioun vun der Entwécklung vun den Aktivitéitszonen

Viru kuerzem huet de Wirtschaftsminister d’Pilotprojeten “Triangle Vert” a “Salzbaach” annoncéiert fir d’Entwécklung vun den Aktivitéitszonen z’optimiséieren. Eisen Deputéierten André Bauler huet nogefrot wat déi éischt Conclusiounen sinn, déi een an dësem Kader zéie kann an ob nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg geplangt ginn.

weiderliesen...