Engagement vun den DP-Gemengepolitiker: Energie spuere fir manner Ofhängegkeet a méi Klimaschutz

D’DP steet fir eng ambitiéis an nohalteg Klima- an Energiepolitik, och an eise Gemengen.

Déi aktuell Energie-Kris huet d’DP-Gemengepolitiker nach eng Kéier doranner bestäerkt, fir hir lokal Efforten am Sënn vun engem nohaltegen a verantwortungsvollen Energieverbrauch auszebauen.


Déi energetesch Transitioun ass a bleift mëttelfristeg déi beschten Äntwert op d’Energieofhängegkeet. Nieft dem Energiespueren an der besserer Energieeffizienz, soll dofir och d’Potenzial vun den erneierbaren Energië besser a méi séier ausgenotzt ginn.

Aspuere vun Energie an de konsequenten Ausbau vun erneierbaren Energië musse fir d’DP Hand an Hand goen.  D’DP-Gemengemandataire hu gëscht op enger Entrevue decidéiert, fir déi aktuell Kris ze notzen, fir manner ofhängeg vu fossiler Energie aus Russland an aus aneren Drëttstaaten ze ginn, a fir de Klimaschutz zu Lëtzebuerg weider auszebauen.

D’Mandataire wëlle mam gudde Beispill virgoen an hu sech engagéiert, fir :

  • den Energieverbrauch vun hire Gemenge permanent am A ze behalen an enk ze suivéieren;
  • d’Bierger an d’Gemengepersonal an deem Sënn ze sensibiliséieren;
  • d’Aspuerpotenzial z’identifizéieren a beschtméiglech auszenotzen;
  • déi energetesch Transitioun an hire Gemengen z’acceleréieren.

D’DP versteet dat Engagement als wichtege Bäitrag zum Klimaschutz an zum Erreeche vun eisen ambitiéise Klimaziler.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News