Eng Maison médicale an der Nordspëtzt vum Land?

Nuets a weekends musse Leit am héije Norden vum Land sech fir bei den nächsten Dokter oft wäit deplacéieren, wa si krank sinn. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob et net opportun wier eng wieder Maison médicale an der Nordspëtzt vum Land z’installéieren, a wat ënnerholl ka ginn fir d’Situatioun kuerzfristeg ze verbesseren?

Fro

Ëmmer méi Leit aus der Nordspëtzt bekloe sech driwwer, datt et immens schwéier ass fir an den Owesstonnen, nuets an de Weekend en Dokter ze fannen, deen Hausbesich mécht. Dacks kënnen d‘Leit sech net selwer beweegen, well se Féiwer hunn, ënner enger Verletzung oder engem Malaise leiden. De Moment fiert bal kee Generalist méi owes oder nuets am ieweschten Éislek eraus fir dréngend Visitten ze maachen. 

D‘Distanze spille besonnesch bei schlechtem Wieder eng Roll, a wann ee seriö krank ass, dann ass den Transport op Ettelbréck an d‘Klinick oder an d’Maison médicale net evident. 

Aus deene Grënn wollte mir follgend Froen un d‘Madamm Gesondheetsministesch stellen: 

  • A wat fir engem Mooss an zu wat fir engen Auerzäite kann d‘Klinick zu Woltz Patienten en charge huelen? 
  • Ass et méiglech fir am Kanton Clierf eng (Annexe vun der) Maison médicale (vun Ettelbréck) opzemaachen fir der betraffener, staark wuessender Bevëlkerung wäit Deplacementer z‘erspueren? Wéi stuuft d‘Madamm Ministesch d‘Opportunitéit vu sou enger Maison médicale an der Nordspëtzt an? 

Ass d‘Madamm Ministesch bereet fir sech mat de betraffene Gemengen auszutauschen fir kuerzfristeg eng pragmatesch Léisung ze fannen bis eng Maison médicale geschaf ka ginn ?“

Äntwert

Den Centre Hospitalier du Nord huet eng Policlinique am Spidol zu Woltz en Place gesat wou kleng Urgencen kënnen en charge geholl ginn. D’ Öffnungszäiten sinn vun 7 Auer moies bis 19 Auer owes souwuel an der Woch wéi och den Weekend. Méi schwéier Urgencen ginn am Spidol zu Ettelbréck en Charge geholl.

Doriwwer eraus hält den Gesondheetsministère un der aktueller Praxis fest, dat eng Maison médicale, grad sou wéi eng eventuell Annexe dovun, ëmmer an der direkter Proximitéit vun engem Akkutspidol muss fonctionnéieren. Am Fall vum Kanton Klierf, wéi iwweregens fir all déi aner Deeler vum Land, wou zur Zäit keng Maison médicale an direkter Emgéigend ass, setzt den Gesondheetsministère weiderhin op déi sougenannten Cabinets de groupe, also Praxen wou ob mannst 4 Generalisten schaffen an d‘Öffnungszäiten och op den Owend an Weekends ausgedehnt ginn. An deem Sënn ass och den Wëllen do fir en Austausch mat den betraffene Gemengen fir eng Léisung ze fannen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Een Etablissement public fir d’Bluttspenden ?

D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Gérard Schockmel hunn der Gesondheetsministesch Froen zum annoncéierten Etablissement public fir d’Bluttspende gestallt.
Déi liberal Deputéiert froen ënnert anerem, ob et net méi sënnvoll wier all d’Fraise vun der Croix-Rouge fir de Service vum Bluttspenden ze iwwerhuelen, amplaz een Etablissement public ze schafen?
A wat geschitt mam Espace fir d’Bluttspend, deen am neie Siège vun der Croix-Rouge um Houwald geplangt ass, wann d’ Rout Kräiz de Service vum Bluttspenden net méi iwwerhëlt ?

weiderliesen...

Ass déi finanziell Bedeelegung vum Staat fir d’Bluttspenden ze niddreg?

D’Croix-Rouge mécht mat der Organisatioun vum Bluttspenden dëst Joer nees een Defizit. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob de Staat seng finanziell Bedeelegung net erhéije sollt, ob Lëtzebuerg ëmmer iwwer genuch Bluttreserve verfüügt, an ob weiderhin d’Croix-Rouge eleng d’Bluttspenden am Land organiséiere soll.

weiderliesen...

Wat ass de Stand vum Absenteismus hei a Lëtzebuerg?

A villen europäesche Länner geet den Taux vum Absenteismus an d’Luucht. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi den Absenteismus sech a Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wat d’Erklärunge fir d’Absencë sinn a wat aktuell do dergéint ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Ginn ëmmer méi Leit vermësst ?

D’Vermësstemeldunge schéngen a leschter Zäit ëmmer weider zouzehuelen. Besonnesch Kanner a Jugendlecher ginn ëmmer méi gemellt. Wéi hunn d’Zuelen sech entwéckelt a wisou kënnt et zu dësem Phänomen? Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...