Gesondheetsecteur

Eise Gesondheetssecteur fit fir d’Zukunft maachen

E qualitativ héichwäertege Gesondheetssecteur zeechent sech virun allem duerch genuch kompetent Personal aus – dem Grondstee vun all Gesondheetssecteur. Ouni Dokteren, Infirmieren, Aides-soignanten, Hiewanen an all déi aner wichteg Gesondheetsberuffer geet et net.

Fir d’Penurie beim Gesondheetspersonal ze bekämpfen, huet den Héichschoulminister Claude Meisch eng wichteg éischt Etapp ëmgesat: Op der Uni Lëtzebuerg gëtt elo de Bachelor an der Allgemengmedezin, der Neurologie an an der Onkologie ugebueden. Zousätzlech ass e Konzept fir de Bachelor fir Infirmièren an Infirmieren ausgeschafft ginn.

D’DP wëll et awer net dobäi beloossen. Déi nächst wichteg Etapp ass d’Aféierung vun engem Master an der Medezin, fir kënnen e komplette Studium an deem Beräich zu Lëtzebuerg unzebidden. Andeems mir d’Ausbildungsoffere fir d’Gesondheetsberuffer verbesseren, maache mir eise Gesondheetssystem nämlech méi attraktiv a méi onofhängeg vum Ausland.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...