Dr. Josy Eyschen (†)

De fréieren DP-Deputéierten an Escher Conseiller Josy Eyschen ass dëse Méindeg am Alter vun 93 Joer an der Stad gestuerwen.  

Den Dr. Eyschen ass de 15. Mäerz 1931 als eelst vu véier Kanner an der Stad op d’Welt komm. Als Jugendleche war hie bei de Scouten um Belair. No senger Première am Ale Kolléisch huet hien zu Paräis an zu Leuven Medezin studéiert. Dono huet den Urolog nach eng Spezialisatioun op der Uni vu Cleveland am Ohio (USA) gemaach. Déi Studien hunn him et erlaabt, fir no sengem Retour de Service vun enger Dialys am Escher Spidol opzebauen. No senger Escher Zäit huet hien nach zäitweis Patienten zu Munneref gesinn, fir déi hien sech du konnt extra vill Zäit huelen.

De Josy Eyschen ass 1969 Member vun der DP ginn a war zwou Legislaturperiode laang Deputéierten um Krautmaart (1974/79-1979/1984). De Verstuerwene war véier mol Kandidat bei de Chamberwalen a war och Gemengeconseiller zu Esch-Uelzecht (1982-1987 an 1990-1993).

De Josy Eyschen war Wittmann vun der Madame Godelieve Vanermen. D’Koppel krut zwee Kanner. A senger Fräizäit huet de Josy Eyschen am léifsten am Gaart vu sengen Urgrousselteren zu Eeselbuer am Éislek geschafft. Hie war e gewëssenhafte Mënsch, deen awer och d’Gesellegkeet a generell gäre Leit ronderëm sech hat.

De Josy Eyschen huet seng lescht Liewensjoren an der Fondation Pescatore an der Stad verbruecht.

D’DP vernäipt sech virum Mënsch, Dokter a Politiker Josy Eyschen. Mir sinn a Gedanke bei senger Famill a senge Frënn an drécken hinnen eist éierlecht Matgefill aus.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Op der Nordstrooss muss et elo virugoen!

An der Tribune Libre vun der DP insistéiert den Nord-Deputéierten André Bauler dorobber, datt déi politesch Akzenter fir den Ausbau an d’Moderniséierung vun der Nordstrooss kloer an däitlech gesat gi sinn. Déi Decisioune missten elo och um Terrain ëmgesat ginn.

weiderliesen...