D’Pressefräiheet an der EU

An Ungarn ass Mëtt Februar e Radiosender gezwonge ginn seng Sendungen ze stoppen. Schonn am Juli 2020 war déi ungaresch Regierung sech an d'Mediewelt agemëscht andeems si dem Chefredakter vum éischten Informatiounssite "Index" gekënnegt haten. A Pole sinn am Februar iwwer 40 Medienhaiser op d'Strooss gaange fir géint eng sougenannten "taxe publicitaire" ze protestéieren, déi eng Attack op d'Pressefräiheet soll sinn. An deem Kontext hunn eis Deputéiert Gusty Graas a Guy Arendt bei den zoustännege Ministeren nogefrot wat d'EU konkret kann an dëser Saach ënnerhuelen an ob eventuell de "Media Audiovisual Plan" vun der EU eppes virgesäit fir déi Verstéiss géint d'Pressefräiheet ze ënnerbannen oder ze bestrofen.

« Tel que rapporté et critiqué par nombre de médias européens, la chaîne radio hongroise ‘Klubrádió’ a été forcée à cesser ses activités dès minuit, ce dimanche 14 février 2021. La décision du gouvernement hongrois de suspendre la fréquence de la radio indépendante suit une accusation de ne pas avoir envoyé, en temps utile, des documents administratifs sur la composition des programmes. En même temps, les observateurs du secteur dénoncent le déclin du pluralisme médiatique dans la Hongrie de Viktor Orbán.

En juillet 2020, le gouvernement hongrois avait déjà interféré dans le monde médiatique par le licenciement du rédacteur en chef Szabolcs Dull du site internet ‘Index’, premier site d’actualité en Hongrie et voix critique envers le pouvoir hongrois. Quasi la totalité des journalistes du site a démissionné à la suite des événements.

En Pologne, plus que quarante institutions de médias ont fait la grève le 10 février 2021 pour protester contre un projet de ‘taxe publicitaire’, taxe entendue être une attaque à la liberté de presse. En Slovénie, les médias ‘pro-gouvernementaux’ sont soutenus par des investissements massifs.

En 2016, le groupe de réflexion Mérték et l’ancien député européen Benedek Jávor ont porté plainte auprès de la Commission Européenne contre le financement excessif des médias publics en Hongrie. Aucune réponse n’a été fournie à ce jour.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre d’État, Monsieur le Ministre des Communications et des Médias et Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes :

  • Les prochaines élections législatives en Hongrie se tiendront l’année prochaine. Étant donné que le gouvernement apparaît vouloir réduire au silence les voix critiques sur le plan médiatique, comment l’Union Européenne peut-elle intervenir afin de garantir une information diversifiée et critique de la population ?
  • Que peut faire l’Union européenne afin d’éviter que plus en plus de journalistes s’autocensurent par peur de répercussions menaçant leur vie professionnelle voire privée ?
  • La Slovénie aura la Présidence du Conseil européen de juillet à décembre 2021. Vu les pratiques opprimantes envers les journalistes, est-ce que cette présidence est compatible avec les valeurs européennes de liberté de presse ?
  • Le ‘Media Audiovisual Action Plan’ européen, se donne-t-il des points précis pour le combat contre l’oppression de la liberté d’expression dans les médias ?
  • Dans l’affirmative, quels sont ces points ?
  • Quelles conséquences sont prévues pour les pays membres qui ne suivent pas les valeurs européennes au niveau de la liberté de presse ?
  • À quel point, ces mesures demeurent-elles un critère d’adhésion pour les pays candidats à l’adhésion à l’Union européenne ?»

Äntwert

De Rechtsstaat, mat all senge Prinzippien, ass ee vun de fundamentaalste Wäerter an der europäescher Unioun.D’europäesch Unioun huet sech nei Mechanisme ginn fir ze assuréieren, dass dës fundamental Rechter observéiert ginn. Wa bei engem Memberstaat Verstéiss festgestallt ginn, kënnen hir Rechter an der Unioun fir eng Zäit suspendéiert ginn. Déi europäesch Fongen a finanziell Interessen si fir all Memberstaat och un d’Oprechterhale vum Rechtsstaat gekoppelt. Enn 2020 ass en Aktiounsplang fir d’Medien an ee vun der europäescher Demokratie opgesat ginn. D’Industrie soll Ënnerstëtzung kréien an d’Mediefräiheet an de Mediepluralismus solle gefërdert ginn. Den Europarot huet och eng Plattform fir de Schutz vum Journalismus an d’Protektioun vun de Journalisten etabléiert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Mobbing am ëffentlechen Déngscht: Wat gëtt gemaach?

Och am ëffentlechen Déngscht ass Mobbing op der Aarbecht eng Realitéit, déi bal all 5. Staatsbeamte betrëfft.D’DP Deputéiert Gusty Graas a Fernand Etgen hunn an dem Kontext beim zoustännege Minister fir d’Fonction publique, nogefrot wéi heen déi aktuell Situatioun gesäit, wat geplangt wier fir dësem entgéint ze wierken an ob déi zoustänneg Kommissioun fir Mobbing am ëffentlechen Déngscht déi säit 2014 net méi aktiv ass, soll reaktivéiert ginn.

weiderliesen...

Sollt de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbuede ginn ?

An der Belsch an a Frankräich gouf rezent de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbueden. Dës Medikamenter sinn opgrond vun eventuelle gesondheetleche Risike vun elo u just nach op Ordonnance ze kréien.

D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si dëst Verbuet an eisen Nopeschlänner opfaasst, ob si esou ee Verbuet och zu Lëtzebuerg als sënnvoll ugesäit, an ob Dokteren a Patienten iwwer d’Risike vu Medikamenter mat Pseudoephedrin sensibiliséiert sollte ginn.

weiderliesen...

Zousätzlech national Regëster fir gréisser Krankheeten ?

Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei am Land zielen.
Den Zougrëff vum CGDIS op dës Regëster sollt och an d’A gefaasst ginn fir d’Prise en charge an Noutfallsituatiounen ze verbesseren.

weiderliesen...