D’Police am Norde vum Land

De Personalmanktem bei der Police ass net nei, an awer schéngt d'Situatioun besonnesch am Norde besuergneserreegend ze sinn. An deem Kader huet den Deputéierten André Bauler beim Minister fir bannenzeg Sécherheet e puer konkret Froen eragereecht.

Datt et der Police de Moment u Personal feelt, ass gewosst. Ma et schéngt awer, wéi wa virun allem am Bezierk Norden d’Personaldecken zimmlech dënn wier.  

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  1. Wéi hunn sech d’Effektiver vun de Policebeamten am Bezierk Norden, virun allem och zu Dikrech, entwéckelt?
  2. Wéi vill Beamten, déi am Norden affektéiert sinn, sinn op aner Plazen detachéiert ginn?
  3. Wéi vill Beamte sinn de Moment am Laangzäitkrankeschäin?
  4. Wéi vill Beamte maache keen Aussendéngscht méi? Wat sinn d’Ursaachen dofir?
  5. Wéi vill Patrulle si pro Schicht op de jeeweilegen Déngschtstellen disponibel ?
  6. Wéi vill Beamte ginn an noer Zukunft am Bezierk Norden an d’Pensioun? Kënne si ersat ginn? 
  7. Wéi vill Beamte sollen am Bezierk Norden an den nächste Jore bäikommen?“

Äntwert

Ad 1.):
Säit dem Akraafttriede vum Police-Gesetz vum 18. Juli 2018 bis zum 31. Dezember 2021 ass den Effektiv
aus der Regioun Norden vun 184 Polizisten an de Karriären B1, C1 an C2 op 179 reduzéiert ginn. Den
Effektif vum Kommissariat Dikkrech ass an der selwechter Period vun 48 op 45 erofgaangen.

Ad 2.):
Aktuell ginn et an der Regioun Norden 179 Polizisten, dovunner sinn der 10 op aner Platzen detachéiert.

Ad 3.):
De Moment sinn an der Regioun Norden 4 Leit am Laangzäitkrankeschäin.

Ad 4.):
6 Persounen dierfen den Ament keen Aussendéngscht maachen, dëst aus gesondheetleche Grënn.

Ad 5.):
All Kommissariat mat 2 Roulementer muss souwuel op der Moies-, wei och op der Mëttesschicht 1
Patrull stellen. D’Kommissariater, déi mat 3 Roulementer funktionéiren, mussen 1-2 Patrulle stellen,
jee nom Gesamteffektif vun der jeeweileger Déngschtstell. Domat huet d’Regioun Norden an der
Theorie am Daag zu all Moment e Minimum vun 9 Patrullen a souwuel an der Nuecht wei och Weekends
ee Minimum vun 5 Patrullen operationell. Duerch Spezialdingschter kënnt et allerdéngs och vir, dat de
Minimum net garantéiert ka ginn.

Ad 6.):
Just 1 Persoun huet bis elo vir d‘éischt Semester 2022 hier Pensiounsdemande gestallt. Dës Persoun
gëtt natierlech ersat.

Ad 7.):
Op den 1. Januar 2022 kritt d’Kommissariat Ettelbréck 1 Polizist bäi. Dono hänkt net nëmmen de
Wuesstem vun der Regioun Norden, mee och dee vun deenen anere Regiounen an Unitéite vum NettoRekrutement vun der ganzer Police of.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi eng Doktere sinn an Zukunft u Bord vun de Gefierer vum SAMU?

Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers en anesthésie-réanimatioun och zesumme mat aneren Dokteren eng Noutfallekipp bilde kënnen an ob d’Qualitéit vun de Soine garantéiert bleift, onofhängeg vun der Spezialiséierung vum Dokter.

weiderliesen...

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...