DP-International

Visitt vun der Chamber

De 14. September hate mir déi grouss Éier a Freed, d’Haus vun der Lëtzebuerger Demokratie ze besichen. Eng Aktivitéit, déi all Joers vum DP International ugebuede gëtt.

Dëst Joer war dëse Besuch awer och ganz speziell am Kader vun de Chamberswale vum 8. Oktober, mam Zil, méi iwwer d’Funktiounen a Verfare vun der Chamber gewuer ze ginn.

Mir wëllen eis bei der parlamentarescher Administratioun a ganz besonnesch bei der Madamm Monique Faber bedanken, déi d’Visitt geleet huet, souwéi och deene ville, gréisstendeels ganz nei Memberen a Sympathisante vun der DP International, déi un dëser Visitt deelgeholl hunn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp