Visitt vum RTL-Siège um Kierchbierg

Den 3. Oktober hat e Grupp vu Membere vun der DP International déi grouss Freed de Siège vun der RTL-Grupp um Kierchbierg ze besichen. Dës Initiativ ass en Deel vun eisen Eventer, duerch déi mir, nieft eise politeschen Aktivitéiten, duerch Visite guidée méi iwwert den Alldag vu Lëtzebuerger Organisatiounen a Betriber gewuer wëlle ginn.

Am RTL-Siège hate mir eng Visite guidée duerch déi verschidde Studioen, an deenen d’Inhalter produzéiert ginn, déi all Dag vun engem groussen Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung benotzt gëtt, sief et op der Televisioun, Radio oder op den Noriichteplattformen.

Mir soen der ganzer RTL-Equipe villmools Merci fir dee spannenden Abléck hannert de Kulissen an déi häerzlech Begréissung!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp