DP-International

Mir haten déi immens grouss Freed den CHL (Centre Hospitalier de Luxembourg) um Belair ze besichen, wou mir vun der Dr. Martine Goergen, medezinesch Direktesch an zukünfteg Generaldirektesch, begréisst goufen.

D’Gesondheetspolitik ass an de leschte Joren zu de wichtegste Politikberäicher a gesellschaftleche Prioritéite ginn. Aus deem Grond huet d’DP International sech motivéiert gefillt fir sech op der Plaz e Bild ze maachen.

D’Dr. Goergen huet d’Geleeënheet genotzt fir eis e puer Fakten an Zuelen iwwert den CHL virzestellen. Ee vun den erstaunlechsten ass seng Diversitéit: 42 Nationalitéiten a 37 Sproochen!

Zentral Theme waren:

  • déi intern Struktur vum CHL
  • déi innovativ Aarbechtsmethode mat Roboteren
  • dat neit CHL-Gebai um Belair, dat Enn 2028 fäerdeg soll sinn

Mir soen der Dr. Goergen an der ganzer CHL-Ekipp e grousse Merci fir déi häerzleche Begréissung!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp