DP-International

Visitt vum Europaparlament mam Europadeputéierten Charles Goerens

Mir haten e Mëttwoch den 13. Mäerz déi grouss Freed mat enger ganz internationaler Grupp d’Europaparlament zu Stroossbuerg an der Präsenz vun eisem Europadeputéierte Charles Goerens e besichen.

Nieft den Informatiounen zum Fonctionnement vum Europaparlament, déi mer vum Europadeputéierte kruten, hate mir och d’Méiglechkeet spannend Diskussiounen iwwert déi aktuell Politikberäicher an d’Wichtegkeet vun den Europawalen 2024 ze féieren.

Mir waren dann och nach live op der Tribün derbäi, wéi zwee wichteg Gesetzer iwwer d’Mediefräiheet 🗞️ a d’kënschtlech Intelligenz 🧠 gestëmmt goufen.

De Feedback vun eise Membere war deementspriechend excellent!

Mir soen dem Charles Goerens a senger Equipe villmools Merci fir dee flotten Dag a freeën eis drop zesummen an der Campagne vun diverser DP-Lëscht an den nächste Méint bedeelegt ze sinn! 🇪🇺

Wann Dir EU-Bierger sidd an zu Lëtzebuerg wunnt, da kënnt der och dozou bäidroen Europa ze stäerken andeems Dir Iech fir d’Wal vun deene 6 Lëtzebuerger Europadeputéierten aschreift:

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp